Op den Inhalt sprangen

Iwwersetzer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Iwwersetzer oder eng Iwwersetzerin ass eng Persoun, déi geschriwwen Texter vun enger Sprooch an déi aner iwwerdréit. Déi Aktivitéit geschitt meeschtens berufflech. Persounen, déi geschwat Kommunikatioun oder Kommunikatioun an Zeechesprooch iwwersetzten, sinn Dolmetscher.

Zu Lëtzebuerg vertrëtt de Lëtzebuerger Iwwersetzer- an Dolmetscherverband (ALTI) d'Interesse vun den Iwwersetzer.[1]

De Centre de traduction des organes de l'Union européenne, eng Agence vun der EU, huet zanter 1994 säi Sëtz zu Lëtzebuerg. Och den Iwwersetzerdéngscht vum Europäesche Parlament, dee vum Europäesche Geriichtshaff an zum Deel dee vun der Europäescher Kommissioun hunn an der Stad hir Büroen.

 Commons: Iwwersetzer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den offiziellen Numm ass Association luxembourgeoise des traducteurs et interprètes, mee d'Statute nennen och de lëtzebuergeschen Numm an den däitschen Numm (Luxemburger Übersetzer- und Dolmetscherverband). Websäit: www.traducteurs-interpretes.lu.