Jürgen Habermas
| Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jürgen Habermas | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
18. Juni 1929 Düsseldorf |
| Gestuerwen |
14. Mäerz 2026 Starnberg |
| Nationalitéit | Däitschland |
| Educatioun |
Philipps-Universitéit Marburg, Universitéit Göttingen, Universitéit Bonn, Universitéit Zürich |
| Aktivitéit | Soziolog, Philosoph, Universitéitsprofesser |
| Member vun | Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Academia Europaea, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, British Academy |
| Auszeechnungen | Erasmuspräis, John W. Kluge-Präis, Theodor-Heuss-Präis, Member vun der British Academy, Pour le Mérite fir Wëssenschaft a Konscht |
| Famill | |
| Bestuet mat | Ute Habermas-Wesselhoeft (1955–9.6.2025) |
| Kanner | Rebekka Habermas, Tilmann Habermas |
|
| |
De Friedrich Ernst Jürgen Habermas, gebuer den 18. Juni 1929 zu Düsseldorf, a gestuerwen de 14. Mäerz 2026 zu Starnberg, war en däitsche Philosoph a Soziolog.
Hie gëtt zu der zweeter Generatioun vun der Frankfurter Schule gezielt a war zulescht Professer fir Philosophie op der Universitéit Frankfurt am Main.
An der akademescher Fachwelt gouf hien duerch Aarbechten iwwer Sozialphilosophie mat diskurs-, handlungs- a rationalitéitstheoretesche Beiträg bekannt, mat deenen hien d'Kritesch Theorie op enger neier Basis virugefouert huet. Fir den Habermas si kommunikativ Interaktiounen, an deene rational Geltungsgrënn erhuewen an unerkannt ginn, d'Basis fir d'Handlungskoordinéierung vu vergesellschafteten Individuen, deenen hir Handlungsraim duerch den Dualismus vu System a Liewenswelt bestëmmt ginn.
Nieft de fachspezifeschen Diskursen huet den Habermas sech och ëffentlech an aktuelle politeschen Debatten engagéiert, z. B. iwwer Eugenik, Relioun, d'Verfassung vun Europa, d'Mesuren déi wärend der COVID-19-Pandemie geholl goufen, an d'Liwwerung vu Waffen un d'Ukrain.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jürgen Habermas – Biller, Videoen oder Audiodateien |
