Jacques Hippert
Jacques Hippert | |
---|---|
Gebuer |
10. Abrëll 1822 Éiter |
Gestuerwen |
15. Februar 1886 Réimech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister |
De Jacques (Jakob) Hippert, gebuer den 10. Abrëll[1] 1822 zu Éiter, a gestuerwen de 15. Februar 1886 zu Réimech, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.[2]
E Bauerejong
[änneren | Quelltext änneren]Dem Jacques Hippert säi Papp, de Michel Hippert, war e gutt gestallte Bauer[3], deen zu Éiter gewunnt huet. Hie war 1773 zu Séiter (Loutrengen) gebuer an zënter 1804 mat der Anna Peschong vun Éiter (1784 do gebuer) bestuet. D'Koppel krut eelef Kanner, déi all zu Éiter op d'Welt koumen: Hippert Anne (1804), Hippert Marguerite (1806), Hippert Catterehna (1808), Hiebertt Nicolas (1810), Hippert Frans (1812), Hippert Jean (1815), Hippert Johannes (1817), Hippert Michel (1820), Hippert Jacque (1822), Hippert Susanna (1824), Hippert Pierre (1826).[4]
Kaploun zu Réimech
[änneren | Quelltext änneren]De Jacques Hippert huet am Stater Atheneum[5] an am Seminär vu Lëtzebuerg studéiert. De 24. August 1847 ass hie vum Bëschof Laurent zum Priister geweit ginn an am Oktober 1847 koum hien als Kaploun op Réimech. Do huet hien d'Choleraepidemie vun 1849 erlieft, déi Krank besicht a sech ëm déi aarm Weesekanner gekëmmert.[6]
Paschtouer zu Esch-Uelzecht
[änneren | Quelltext änneren]De 6. August 1851 koum den Hippert als Paschtouer vun der Sankt-Jousefspar op Esch-Uelzecht,[7] „ein heikeler Posten, halb Stadt, halb Dorf, an der Grenze von Frankreich gelegen, wo die Glaubenslosigteit besonders blühte“.[6] Do huet hie sech wärend der schlëmmer Choleraepidemie vun 1866, grad ewéi 1849 zu Réimech, mat vill Asaz,[8] deen d'Wort a sengem Noruff esou beschriwwen huet, ëm déi Cholerakrank gekëmmert:[9]
Jetzt auf einmal glich sein Haus nicht mehr der ruhigen Wohnung eines Pfarrers, sondern einem Generalquartier in Kriegszeiten: Tag und Nacht stand es den Pfarrangehörigen, Geistlichen, Aerzten und Krankenwärtern offen. Er erhielt einen Gehülfen, der aber bald von der Seuche ergriffen wurde und im Pfarrhause starb; ein zweiter fiel auch nach einigen Tagen dem Tode zum Opfer; Hippert allein stand noch fest und arbeitete mit heroischem Muthe. Mit seinem Gelde bezahlte er Arzneien und Nahrungsmittel für Alle, wo es nöthig war, und als die Geißel aufgehört, hatten alle Einwohner von Esch, Jung und Alt, Reich und Arm, nur eine Stimme des Lobes und der Begeisterung für ihren edlen Pfarrer, dem sie sich auch allezeit im höchsten Grade dankbar und erkenntlich bewiesen.
Dechen zu Beetebuerg an zu Réimech
[änneren | Quelltext änneren]Den 21. Abrëll 1868 koum den Hippert als Dechen op Beetebuerg, wou hie bis de 7. Juni 1878 bliwwen ass, deen Dag wou hie säin Amt als Paschtouer an Deche vu Réimech ugetrueden huet. Do war hie bis zu sengem Doud am Amt.[10]
Den Hippert war 1876 Member vum Doumkapitel ginn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Luxemburg, E. Kutter, 514 S. [Domkapitular Jakob Hippet, S. 342].
- Flies, J., 1979. Das andere Esch – An der Alzette – Ein Gang durch seine Geschichte. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 1302 S.
- Massard, J.A., 1985-1986. Der Kanton Esch und die Cholera 1865/1866. Galerie 3 (1985), N° 1: 41-52, N° 2: 207-218; Galerie 4 (1986), N° 1: 41-58, N° 2: 225-242. [2]
- Massard, J.A. & M. Merk-Lauterbour, 2018. Die Gemeinde Bettemburg in den Zeiten der Cholera. In: Beetebuerg am Laf vun der Zäit, Band VII. Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg, Beetebuerg, S. 74-105. [3]
- Wort, 1886. † Pfarrdechant und Domkapitular Jacobus Hippert. Luxemburger Wort 1886-02-20, S. 2, [4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gemeng Conter, Gebuertsregëster 1822, Nr. 13 [1]; Luxroots; Massard 2018, S. 96 a S. 105 (Nr. 99). D'Orthographe vum Virnumm am Gebuertsakt ass „Jacque“. — An der Literatur fënnt een normalerweis de falsche Gebuertsdag, nämlech den 22. Februar, z. B. : Wort 1886, Arendt 1972 (S. 342) a Flies 1979 (S. 322).
- ↑ Wort 1886, Massard & Merk-Lauterbour 2018, Arendt 1972.
- ↑ Arendt 1972.
- ↑ Luxroots.
- ↑ Laut Arendt 1972 och zu Baastnech.
- ↑ 6,0 6,1 Wort 1886.
- ↑ Flies 1979, S. 322; Blum et al. 1930, S. 81.
- ↑ Flies 1979, S. 338; Massard 1985, Nr. 2, S. 210.
- ↑ Wort 1886, Massard & Merk-Lauterbourg 2018.
- ↑ Blum et al. 1930, 1. Deel: S. 29 (Beetebuerg), S. 81 (Esch); 2. Deel, S. 29 (Réimech)