Jacques Philippe Joseph d'Huart
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jacques Philippe Joseph d'Huart | |
|---|---|
| Gebuer |
14. Februar 1754 Zowaasch |
| Gestuerwen |
9. Abrëll 1816 Bartreng |
| Aktivitéit | Offizéier |
| Fonctioun | Buergermeeschter vu Bartreng |
| Famill | |
| Papp | Jean François Joseph Charles d'Huart |
|
| |
De Jacques Philippe Joseph d'Huart, genannt Philippe d'Huart[1], gebuer de 14. Februar 1754 um Schlass zu Zowaasch[2] an der Gemeng Déifferdeng[1], a gestuerwen den 9. Abrëll 1816 zu Bartreng[3] war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker. Hie war vun 1805 bis 1808 den éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Bartreng[4].
De Philippe d'Huart war Kapitän am k.u.k. Dragonerregiment „Fürst zu Windisch-Graetz“ Nr. 14 am Déngscht vun den Habsburger.
Seng Eltere waren de Barong Jean-François d'Huart (1712 - 1781) an d'Camille de Villers (1729 - 1772)[1]. Den 29. Januar 1783 huet hie sech zu Schwerdorff mat der Henriette de Dampont (1759 - 1811) bestuet; d'Koppel krut dräi Kanner: Jean (1789 – 1837), Charles (1797 – 1864), Jeanne Marie Josèphe (1804 – 1839). Nom Doud vu senger Fra den 11. Februar 1811 huet hie sech den 11. Oktober 1811 mat der Marie Madeleine Suttor bestuet[1].
De 5. Mäerz 1816 krut hie vum Kinnek-Groussherzog Wëllem I. säin Adelstitel als Barong confirméiert, zäitgläich mat der Nominatioun an de Corps équestre vu Lëtzebuerg.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 Philippe d'Huart (1754 - 1816). man8rove.com. Gekuckt de 05.02.2026.
- ↑ Biographesch Notiz um Spaweck
- ↑ (de) Doudeschäin N° 10 S. 94. Archives nationales, Commune de Bertrange. Gekuckt de 05.02.2026.
- ↑ (fr) Historique – Bourgmestres et échevins. www.bertrange.lu. Gekuckt de 05.02.2026. „Stand 05.02.2026 weist d'Websäit de Jean-François Joseph (JFJ) d'Huart als den éischte Buergermeeschter vu Bartreng. Dat stëmmt awer net well de JFJ ass dem Jacques Philippe Joseph säi Bouf an de Papp war den éischte Buergermeeschter“
