Jacques Piccard

Vu Wikipedia
Jacques Piccard
Gebuer 28. Juli 1922
Bréissel
Gestuerwen 1. November 2008
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Basel,
Universitéit vu Genf
Aktivitéit Erfinder, Ingenieur, Explorateur

De Jacques Piccard, gebuer den 28. Juli 1922 zu Bréissel a gestuerwen den 1. November 2008 zu Genf, war e Schwäizer Erfinder an Ozeanograph.Hie war virun allem bekannt wéinst senger Erfuerschung vum déiwe Mieresbuedem, u Bord vun deem vun him, a sengem Papp Auguste Piccard) entworfene Bathyscaphe.

Mat dem Bathyscaphe ass hien den 23. Januar 1960, zesumme mam Don Walsh, op eng Rekorddéift vu 10.916 Meter am Mariannegruef erofdauchen. De Bathyskaph huet dobäi den Drock vu méi wéi 1000 Atmosphären aushale missen. Si konnte feststellen, datt et och an Dausende vu Meter Déift nach Fësch, an deemno Liewe gëtt.

1969 huet de Jacques Piccard d'Ben Franklin (PX-15) Missioun am Waarme Golfstroum geleet. Dem Jacques säi Fils, de Bertrand Piccard setzt d'Familljentraditioun fort, an huet am Mäerz 1999 als Éischten nonstopp mat engem Waarmloftballon en Tour ronderëm d'Äerd gemaach.