Jacques Prévert

Vu Wikipedia
Jacques Prévert
Gebuertsnumm Jacques André Marie Prévert
Gebuer 4. Februar 1900
Neuilly-sur-Seine
Gestuerwen 11. Abrëll 1977
Teloché
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Dichter, Dréibuchauteur, Dramatiker, Zeechner, Schrëftsteller, Regisseur, Liddertexter
Partei PCF
Famill
Geschwëster Pierre Prévert

De Jacques Prévert, gebuer de 4. Februar 1900 zu Neuilly-sur-Seine a gestuerwen den 11. Abrëll 1977 zu Omonville-la-Petite am Departement Manche, war e franséischen Auteur, dee virun allem fir seng Gedichter an Dréibicher bekannt ass.

1928 huet hie mat sengem Brudder Pierre Filmer produzéiert. Vun 1932 bis 36 huet hie Stécker fir de lénksen Amateurtheater Octobre geschriwwen. An där Zäit huet hien och scho Gedichter geschriwwen, déi lénks a riets publizéiert goufen, ouni grouss domat opzefalen. E groussen Numm huet hie sech awer als Auteur vun Dréibicher gemaach, fir Filmer vu sengem Brudder, ma virun allem fir där vum Jean Renoir (Le Crime de M. Lange, 1935) a Marcel Carné (ë. a. Drôle de drame, 1937; Le quai des brumes, 1938; Le jour se lève, 1939; Les visiteurs du soir, 1942; Les enfants de l'Olymp, 1944; Les portes de la nuit, 1946) a gouf domat e Matfrënner vum Poetesche Realismus.

1946 huet e Frënd eng Sammlung vum Prévert senge Gedichter, déi bis ewell guer net oder verspreet doruechter publizéiert gi waren, ënner dem Titel Paroles erausbruecht. Dëst Buch hat e risege Succès an huet aus dem Prévert ee vun de representatiivsten an anflossräichste franséische Lyriker aus der Mëtt vum 20. Joerhonnert gemaach. En ettlech vu senge Gedichter goufen, dacks vum Joseph Kosma, zu Chansone vertount, wéi z. B. Les feuilles mortes dat ë. a. vum Juliette Gréco a vum Yves Montand opgeholl gouf.

Aner Gedichtssammlunge koumen an deene Joren duerno no: Histoires, 1946; Spectacle, 1951; La Pluie et le beau temps, 1955; Fratras, 1966; Choses et autres, 1972; La Cinquième Saison, posthum 1984). Och si ware populär, wann och net sou vill wéi Paroles.

Seng Gedichter si gemenkerhand einfach Alldagssituatiounen a -geschichtercher, an deenen et awer raffinéiert Wuertspiller an iwwerraschend Metaphere gëtt. Et gëtt der awer och mat engem méi politeschen Inhalt, z. B. géint de Militarismus, d'Kierch an d'biergerlech Konventiounen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Gedichtersammlungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dejeuner du matin (1945)
  • Paroles (1946)
  • Contes pour enfants pas sages (1947)
  • Les enfants qui s'aiment (1949)
  • Spectacle (1951)
  • Lettre des îles Baladar (1952)
  • Tour de chant (1953)
  • La pluie et le beau temps (1955)
  • Histoires (1963)
  • Fatras (1966)

Dréibicher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Yves Courrière: Jacques Prévert: en vérité, Paris: Gallimard, 2000. ISBN 2-07-074055-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Prévert – Biller, Videoen oder Audiodateien