Jacques Sturm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jacques Sturm, gebuer an der Stad Lëtzebuerg den 13. Mäerz 1807, a gestuerwen den 10. Januar 1844 zu Roum, war e lëtzebuergesche Lithograph, Landschaftsmoler, a Portraitist.

De Jacques war de Bouf vum Jean-Baptiste Sturm, Parréckemécher an der Stad um Piquet, a senger Fra Marguerite Champagne.

Well d'finanziell Situatioun vun der Famill et net erlaabt huet fir dem Jacques eng artistesch Ausbildung ze finanzéieren, huet hien dem Papp säin Handwierk geléiert.

Säi groussen Don fir d'Molerei huet et mat sech bruecht, datt hien an d'Zeechestonne vum Pierre Maisonnet gaangen ass, deen déizäit Zeecheproff am Kolléisch war. De Pierre Maisonnet selwer war e Schüler vum Brudder Abraham vun Orval gewiescht.

Wéi de Jean-Baptiste Fresez 1824 Zeecheprofesser am Kolléisch gouf, huet dien dem Jacques säi grousst Talent entdeckt, an huet hien 1825 beim Eugène Jobard, dee Lithograph um belschen Haff war, recommandéiert.

Do huet hien Illustratione fir dem de Cloet seng Albumme gemaach, besonnesch fir d'Tommen III a IV déi 1827 ënner dem Numm Châteaux et Monuments des Pays-Bas erauskoumen.

Hien huet an där Zäit och nach 88 Landschaftsbiller gemaach, déi meescht dovun an der Belsch, 19 an Holland, zwee zu Tréier, an zwee zu Lëtzebuerg.

Duerch d'Revolutioun an der Belsch krut dem Jobard säi Betrib eng bei d'Läffelen, an hien huet seng Ateliere missen zoumaachen. De Jacques Sturm huet dunn ugefaange Portraiten ze gravéieren. E Portrait vum éischte belsche Regent dem Surlet de Chokier ass aus där Zäit.

1836 huet hien ugefaange seng éischt Uelegbiller ze molen. Zwee Joer méi spéit huet hien zu Léck fir d'éischt ausgestallt, an 1839 hat hien op der Triennale vu Bréissel eng grouss Toile Le Christ tenté par Satan sur la Montagne ausgestallt.

En Tableau mam Numm Francesca da Rimini deen hien am Institut des Beaux-Arts zu Bréissel ausstelle wollt, gouf net ugeholl.

Duerno goung hien am September 1841 op Paräis, fir nach ze léieren, awer d'franséisch Schoul war Senges näischt. Hien huet déi Zäit just een Tableau gemoolt d'Sortie de la Messe, deen hien am Februar 1842 zréck mat op Bréissel geholl huet, an deen 1844 vum Musée de Bruxelles kaaft gouf.

Wéi säi gesondheetlechen Zoustand ëmmer méi schlecht gouf, huet hien decidéiert fir an Italien wunnen a schaffen ze goen, well e gehofft hat dat mëllt Klima géif him hëllefen erëm gesond ze ginn. Hien ass zu Roum am Januar 1844 gestuerwen.

Zu Bouneweg ass d'rue Jacques Sturm no him benannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]