Jaime (Film 1999)

Vu Wikipedia
Jaime
Film
Produktiounsland Portugal
Lëtzebuerg
Brasilien
Première 1999
Dauer 111 min
Faarf Faarweg
Format 1,66:1
Originalsprooch Portugisesch
Ekipp
Regie António-Pedro Vasconcelos
Dréibuch Carlos Saboga
António-Pedro Vasconcelos
Fotografie Edgar Moura
Musek Alain Jomy
Rui Veloso
Schnëtt Frédéric Fichefet
Produzent Luís Galvão Teles
António da Cunha Telles
Jani Thiltges
Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Saúl Fonseca als Jaime
Fernanda Serrano als Marta
Joaquim Leitão als Abel}
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Jaime ass e Film vum António-Pedro Vasconcelos aus dem Joer 1999.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Eng Fra, zesumme mat hirem Jong, verléisst hire Mann. Si wunnt elo bei hirem Frënd. De Jong versicht alles fir datt seng Mamm a säi Papp erëm zesummekommen.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Produktiounsgesellschaft Samsa Film krut 1999 eng "Aide à la distribution" vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 1,7 Millioune Lëtzebuerger Frang.[1]

Filmpräisser[änneren | Quelltext änneren]

De Film krut 1999 de Spezialpräis vun der Kury vum Filmfestival vu San Sebastian a Spuenien, an de portugisesche Filmpräis Gëllene Globus ("Globo de Ouro") als beschte Film a fir de beschte Regisseur. 2000 gouf de Film mam Publikumspräis fir de beschte Spillfilm um Festival Caminhos do Cinema Português zu Coimbra ausgezeechent. Am selwechte Joer krut en och zwee Präisser beim Filmfestival vu Cannes: an der Kategorie "Grand Prix Cannes Junior" an de "C.I.C.A.E. Präis" vun der Confédération internationale des cinémas d'art et d'essai. Bei der 13. Editioun vum Europäesche Filmpräis am Joer 2000 war den Edgar Moura fir déi bescht Kameraaarbecht nominéiert.[2]

Donieft war de Kameramann Edgar Moura fir seng Aarbecht um Film fir den Europäesche Filmpräis 2000 nominéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
  2. Nominéierungen 2000