Jakob Hubert Schütz

Vu Wikipedia
Jakob Hubert Schütz
Gebuer 24. Oktober 1852
Meisburg
Gestuerwen 12. Januar 1936
Lindenthal
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister, Enseignant, Schrëftsteller, Studienrat, Prelat

De Johann Jakob Peter Hubert Schütz, gebuer de 24. Oktober 1852 zu Meisburg[1] an der Äifel (D) a gestuerwen den 12. Januar 1936 zu Köln-Lindenthal, war en däitsch-lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur[2].

De Jong vun engem Schoulmeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Dem Jakob Hubert Schütz seng Eltere waren de Jean-Pierre Schütz an d'Marguerite Tholl, déi sech den 29. November 1844 an der Neierbuerg bestuet haten. Seng Geschwëster waren: d'Angèle Caroline Jeanne (Ormont, 1845), d'Susanne (Ormont, 1848), d'Françoise (Meisburg, 1850), den Antoine Valentin (Meisburg, 1855). D'Mamm ass den 13. Oktober 1820 an der Neierbuerg op d'Welt komm; si war Duechter vum Hubert Tholl an der Antoinette Schleger, déi sech am Abrëll 1818 an der Neierbuerg bestuet haten[3]. De Papp, dee Schoulmeeschter war, ass jonk gestuerwen[4].

Schüler am Athenäum a Student am Seminär vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Jakob Hubert Schütz ass mat zwielef Joer an de Gymnasium vun Tréier gaangen[4], deen en awer no engem Joer verlooss huet fir an den Athenäum vu Lëtzebuerg ze goen, well en do vum 1. Oktober 1866 (Schoulufank) u vun enger Bourse vun der „Fondation Appert“ profitéiere konnt, déi hie wéinst senger Mamm zegutt hat [5].

Am Januar 1872 krut de Student Jakob Hubert Schütz d'Ermächtegung, fir säi Wunnsëtz am Groussherzogtum Lëtzebuerg ze hunn[6]. Am Oktober 1872 ass de bëscheefleche Konvikt „Maria Rheinsheim“ ageweit ginn, wou de Schütz als Philosophiestudent op de „Cours supérieurs“ vum Athenäum logéiere konnt. Wéi de Prënz Hari de Konvikt am Dezember 1872 besiche koum, hat de Schütz d'Éier, no der Begréissungsried vum Direkter Jean Bernard Krier[7] den héije Gaascht mat engem vun him selwer verfaasste Gedicht an däitscher Sprooch ze begréissen. D'Gedicht gouf am Luxemburger Wort ofgedréckt[8].

1873 ass de Schütz an de Seminär vu Lëtzebuerg agetrueden, fir Theologie ze studéieren.[9]

Koadjutor am Dikrecher Schülerpensionat[änneren | Quelltext änneren]

Duerch d'Gesetz vum 10. Januar 1876 krut de Schütz d'lëtzebuergesch Nationalitéit[10]. De 24. August 1876 gouf hien zum Priister geweit. Den 12. September 1876 gouf hie Koadjutor am Dikrecher Schülerpensionat[9].

Direkter vum Pensionat war de Prosper Clasen, deen och Professer am Dikrecher Kolléisch war. Wéi deen am Januar 1877 krank gouf, huet den Abbé Schütz hien am Schouljoer 1876/77 an der Relioun ersat[11]. Den 23. Januar 1880 gouf de Schütz Vikar zu Bartreng, an dräi Joer méi spéit Koadjutor am Weesenhaus vu Rodange[9].

Vikar zu Kurtscheid am Westerwald[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Mäerz 1886 huet de Schütz Lëtzebuerg verlooss. Hie gouf Kaploun zu Cham an der Diözees Regensburg, dono Vikar an der Par Sainte-Foy zu Léck, dunn „Pfarrverwalter“ zu Rodershausen (D), a schliisslech 1888 Vikar zu Kurtscheid am Westerwald, wou e sech duerch säi soziaalt Engagement ervirgedoen huet. Seng Erfarungen op deem Gebitt hunn hiren Nidderschlag a senger Broschür „Wie man in den entlegensten Gegenden praktischer Sozialpolitiker werden kann“ fonnt, déi hien 1904 publizéiert huet[9].

Schouldirekter zu Köln-Ehrenfeld a Professer zu Montigny-lès-Metz[änneren | Quelltext änneren]

1897 huet de Schütz op Ureegung vun de Bierger vun Ehrenfeld eng Privatschoul mat gymnasialem Charakter zu Köln-Ehrenfeld gegrënnt an där hir Direktioun iwwerholl. Am Wantersemester 1899 huet d'Stadverwaltung dës Privatschoul iwwerholl an hir fir d'éischt den Numm „Städtisches Progymnasium zu Köln-Ehrenfeld” ginn. 1905 gouf doraus d'„Städtisches Schiller-Gymnasium”[12]. De Schütz hat an der Tëschenzäit zu Koblenz den „Rektorenexamen“ an zu Bonn den „Oberlehrerexamen“ bestanen. Nodeem seng Schoul vun der Stad iwwerholl gi war, huet hien nach eng Zäit laang do Relioun enseignéiert. Dunn huet hien awer Köln verlooss fir Professer am „Bischöflichem Gymnasium“ vu Montigny-lès-Metz (Elsass-Lothringen) ze ginn[9].

Eng Audienz beim Poopst an Éierekanoniker[änneren | Quelltext änneren]

1901 ass de Schütz zu Roum vum Poopst Leo XIII. an Audienz empfaange ginn. Leider ass en awer och zu Roum uerg krank ginn. Dat war warscheinlech d'Ursaach fir wat hie säi Posten zu Montigny-lez-Metz opginn a sech op Köln zeréckgezunn huet. Do huet hie sech besonnesch der Schrëftstellerei gewidmet, donieft awer och nach eng Privatschoul fir „Spätberufene des Priester- und Ordensstandes“ bedriwwen[9]. 1909 ass de Schütz Éierekanoniker vun der Metropolitankierch vu Manfredonia (Apulien) ginn[12].

Dem Prelat Schütz säin Doud gëtt de 24. Januar 1936 am „Luxemburger Wort“ gemellt. Hie wier zu Köln-Lindenthal am Spidol vun den Alexianerbridder gestuerwen[13]. Den Dag dono, de 25. Januar, bréngt d'Wort en ausféierlechen Noruff. Do heescht et ofschléissend, de Prelat Schütz wier zu Kurtscheid begruewe ginn, deem klengen Duerf am Westerwald, fir dat hie sech esou besonnesch mat Läif a Séil agesat hat: “In dem Westerwälder Dorf, für dessen materielle, sittliche und religiöse Erhebung er rastlos geschafft hat, in Kurtscheid, wurde er beigesetzt. Seelsorger und Brotsorger ist er dem Orte geworden“[9].

De Schrëftsteller[änneren | Quelltext änneren]

De Jakob Hubert Schütz huet wärend senger Zäit zu Lëtzebuerg e puer kleng Saache publizéiert: e puer Gedichter am „Luxemburger Wort“ respektiv am „Luxemburger Sonntags-Blättchen“ an e klenge Bäitrag am „Luxemburger Schulfreund“ respektiv am „Luxemburger Sonntagsblatt“. Dobäi koum nach e Bichelche mam Titel „Ernst und Scherz in der Poesie“. Seng Zeitungsbäiträg huet de Schütz mat den Initialen J.H.S. oder J.S. signéiert.

An Däitschland huet hie fir d'Jugend eng ganz Rei vun Theaterstécker mat reliéisem Hannergrond geschriwwen, déi grad wéi déi virdrun opgezielte Publikatiounen an der Bibliographie vum Martin Blum an am „Luxemburger Autorenlexikon“ opgezielt sinn[14].

Bekannt ass de Schütz awer virun allem fir seng Bicher a Broschüren, déi sech mat politeschen, absënns sozialpoliteschen, oder reliéisen Theeme befaasst hunn.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1932. Priesterschicksale und Gottes Fügungen. Erlebtes und Grundsätzliches zur Mystik und Konnersreuth. Köln, Präl. Prof. J. H. Schütz, 61 S.
  • 1928. Die Gnadenlehre in 22 Betrachtungen für Priester, Ordensleute und gebildete Laien. Louis Bail. Neu hrsg. von J. H. Schütz. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, 139 S. (La Théologie affective, Paris 1638).
  • 1928. Religiöse Verteidigungsschrift für die Tierwelt. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, 57 S.
  • 1926. Rengsdorf und seine Umgebung in historischer Beleuchtung. 3.-5. Tsd. Hrsg. vom Vorstand d. Verschönerungsvereins f. d. unteren Westerwald e. V. zu Rengsdorf, Rengsdorf, C. Wilkensche Buchh, 189 S.
  • 1926. Das segensreiche Wirken der Orden und Kongregationen der katholischen Kirche in Deutschland samt Ordenstrachtenbildern. 1. Band (Klostermonographien u. a.). Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, VIII, 820 S., IV, 133 S.
  • 1925. Die Seligkeit des Himmels in 8 Betrachtungen bezw. Predigten nach den besten Quellen. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, 104 S.
  • 1925. Goldnes Büchlein vom Anstand gegenüber Gott und dem Heiland im hhl. Sakramente. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, 89 S.[15]
  • 1921. Glocken, Glöckchen, Glockentürme, Glockenweihe. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, 37 S. [5]
  • 1917. Das fortgesetzte Heraufschrauben der Löhne, die Höchstlöhne und Höchstpreise sind ein gemeingefährlicher Wucher. Köln, Kölner Verlags-Anstalt und Druckerei, 16 S.
  • 1917. Gerechtigkeit und Wahrheit, Sparsamkeit! Köln, Verlag J. H. Schütz, 15 S. [6]
  • 1917. Treu zum Kaiser! Köln, Kölner Verlags-Anstalt und Druckerei, 15 S.
  • 1917. Zufriedenheit! Köln, Verlag J. H. Schütz, 16 S.
  • 1916. Arbeiter, Mitbürger passt auf! Ein Mahnwort in ernster Zeit. Köln, Verlag J. H. Schütz, 19 S. [7]
  • 1916. Bringt die angestrebte Verstaatlichung der Privatindustrie für Deutschland einen Aufschwung oder einen Niedergang? Düsseldorf, Brinkhaus & Ludwig, 24 S.
  • 1916. Wie müssen Landwirtschaft und Industrie zusammenarbeiten jetzt und nach dem Kriege? Düsseldorf, Brinkhaus & Ludwig, 72 S.
  • 1915. Auf Deutschlands Kindern beruht Deutschlands Zukunft! Düsseldorf, Sehl & Ludwig, 31 S.
  • 1915. Die Arbeiterfrage nach dem Kriege. Worte der Ermunterung un der Verständigung zwischen Arbeitnehmern und Arbeitgebern. Köln, Kölner Verlags-Anstalt und Druckerei, 24 S. [8]
  • 1915. Wer schützt am besten die Kirche? Die Kaiserkrone oder die Jakobinermütze? Die Deutsche Freiheit oder die Zarenknute? Das tiefchristliche Deutschland oder die internationale Freimaurerei? Kölner Verlags-Anstalt und Druckerei, 195 S.
  • 1914. Die Sachsenkönige Albert und Georg, vorbildliche Heerführer und Soldatenfreunde. Cöln, Schütz, 80 S. (Koautor: M. Adam).
  • 1914. Generalfeldmarschall Graf Haeseler in Wahrheit und Dichtung. Cöln, Selbstverlag, 39 S.
  • 1913. Der Soldat. Eine Gabe zum Regierungsjubiläum Kaiser Wilhelm II und zur Erinnerung an die glorreichen Freiheitskriege. Cöln, Selbstverlag, 94 S.
  • 1911. Die Mariengnadenorte Luxemburg und Kevelaer: mit einer geschichtlich-dogmatischen Einleitung über Wunder, Gnadenorte, Wallfahrtsorte ; ein Wallfahrtsbuch für alle Katholiken. Kevelaer, Wyenbergh, 1911, 200 S.
  • 1909. Kolonien: die geschichtliche Entwicklung und Bedeutung derselben unter besonderer Berücksichtigung der deutschen. Besitzungen. Kevelaer, Verlag Jos. Thum, XI, 89 S.
  • 1909. Die Geschichte des Rosenkranzes unter Berücksichtigung der Rosenkranz-Geheimnisse und der Marien-Litaneien. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, XXIV, 304 S.
  • 1906. Praktische Sozialpolitiker aus allen Ständen vom Throne bis zur Werkstätte, vom Palast bis zur Hütte. Mit vielen Illustrationen nach Original-Aufnahmen / hrsg. mit gütiger Förderung fürstlicher Persönlichkeiten und unter Mitw. hervorragender Beamten und Fachleute von J.H. Schütz. Cöln a. Rhein [1. Aufl.], XII, 525 S . [2. Auflage: 1908].
  • 1904. Wie man in den entlegensten Gegenden praktischer Sozialpolitiker werden kann. Verlag der Druckerei Lehrlingshaus, 56 S.
  • 1903 – 1921. Summa Mariana: allgemeines Handbuch der Marienverehrung für Priester, Theologie-Studierende und gebildete Laien. Paderborn, Junfermann:
    • Bd. 1, 1903, XVI-566 S.
    • Bd. 2: 1908, XVI-848 S.; Suppl.-Band zu Band II: Die allerseligste Jungfrau in der polnischen Poesie, 1914, 128 S.,
    • Bd. 3: 1913,
    • Bd. 4: 1921 (Liturgisch)
    • Bd. 5: 1921 (Marienpredigten)
  • 1900. Herz Jesu, du Quelle alles Trostes! Fünfundzwanzig Herz-Jesu-Predigten. 2. Auflage. Paderborn, Junfermannsche Buchhandlung, 120 S. [1. Auflage: 1898].[9]
  • 1895. Hin zur Mutter. Luxemburger Wort 1895-05-17, Nr. 137. 1873. Triumphzug der Gnadenmutter. Luxemburger Sonntags-Blättchen, Jg. IV, Nr. 20, S. 317. [Gedicht][10]
  • 1885. Bericht aus Rodingen, vom 10. November 1885, über eine Lehrerinnen-Conferenz zu Saarburg. Luxemburger Schulfreund, Jg. XIV, Nr. 24, S. 188-189.
  • 1885. Zur Einweihung der neuen Marien-Kapelle am 8. September 1885. Luxemburger Wort 1885-09-08, Nr. 251. [Gedicht] [11]
  • 1883. Zur Inthronisation unsers hochwürdigsten Herrn Bischof Johannes Joseph Koppes. Luxemburger Wort 1883-11-20, S. 1, Nr. 270. [Gedicht] [12] (signéiert mat: J. H. S., Vikar).[16]
  • 1883. Unserm innigstgeliebten Bischof Nikolaus Adames zum Abschied. Luxemburger Wort 1883-10-17, S. 1, Nr. 242. [Gedicht] [13]
  • 1881. Ernst und Scherz in Poesie. Luxemburg, J. Hary, 95 S. + 2 S.
  • 1875. Kinder, kommet zur Mutter. Luxemburger Sonntagsblatt, Jg. VI, Nr. 18, S. 137-138. [Gedicht]
  • 1873. Triumphzug der Gnadenmutter. Luxemburger Sonntags-Blättchen, Jg. IV, Nr. 20, S. 317. [Gedicht]
  • 1872. Am Namensfeste des Hochwürdigsten Herrn Bischofs [Nikolaus Adames von Luxemburg]. Luxemburg, P. Brück, 12. S. [Poesie].[17]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blum 1981, S. 436, schreift: Weisburg (Trèves).
  2. Biographesch Donnéeë sinn ze fanne bei: Brümmer 1913, S. 363; Heuertz 1922, S. 33; Wort 1936; Marson 2014.
  3. Bruck 1874ss, S. 78 an 58.
  4. 4,0 4,1 Brümmer 1913, S. 363.
  5. Wort 1936; Bruck (1874ss, S. 23-88; kuck d'Säite 87, 78 an 58).
  6. Luxemburger Wort 1872-01-25, S. 2 (Amtliches)
  7. J. B. Krier (1835-1900) cf. Heuertz 1922, S. 33.
  8. Luxemburger Wort 1872-12-23, S. 2 (Besuch S. K. H. des Prinzen Statthalters im bischöflichen Konvicte).[1] — Am Martin Blum senger Bibliographie daucht déi Feier mam Titel „Besuch S. K. H. des Prinzen-Statthalters im bischöflichen Convicte (zu Luxemburg)“ op (Blum 1981, S. 436).
  9. 9,0 9,1 9,2 9,3 9,4 9,5 9,6 Wort 1936 vum 25. Januar op der Säit 4 an der Rubrik Lokal- Chronik
  10. Mémorial 1876, Nr. 9, S. 51-52 (Loi du 10 janvier 1876, qui accorde la naturalisation à M. J.-J.-P.-H. Schütz, séminariste à Luxembourg).[2]
  11. Lanners, C., 1992. Chronique de l'établissement d'enseignement secondaire appelé communément Dikricher Kolléisch. In : Livre d'or du Lycée classique de Diekirch. Editions du LCD, S. 60.
  12. 12,0 12,1 E. Burckhard Schmitz: "Die Geschichte des Schiller-Gymnasiums Köln 1899 – 2015." Zweite, erweiterte Auflage, Köln 2015, S. 8-9 an 13.
  13. LW 1936-01-24, S. 5 (Lokal-Chronik: Prälat Schütz gestorben)
  14. Blum 1981, S. 436-438; Marson 2014; kuck och: Brümmer 1913, S. 363, a Grégoire 1961, S. 477.
  15. Rezension: Luxemburger Wort 1926-03-02.
  16. D'Inthronisatioun war den 21. November 1883: Luxemburger Wort 1883-11-22, S. 1, Nr. 272 (Die Inthronisation des neuen Bischofs). [3]
  17. Et ass unzehuelen, datt de Schütz dëst Gedicht wärend der Veranstaltung, déi de 6. Dezember 1872 zu Éiere vum Bëschof Nicolas Adames stattfonnt huet, virgedroen huet. Kuck : Luxemburger Wort 1872-12-06, S. 2: „Luxemburg, 6. Dez. Wie wir vernehmen, werden die Zöglinge des bischöflichen Conviktes heute Abend ihre Liebe gegen den Stifter ihrer Anstalt, den hochwürdigsten Herrn Bischof Nikolaus, durch eine Illumination des herrlichen Baues an den Tag legen. Die Illumination wird gegen halb acht Uhr beginnen.“ [4]