Jakov Milatović

Vu Wikipedia
Jakov Milatović
Gebuer 7. Dezember 1986
Podgorica
Nationalitéit Montenegro, Serbien a Montenegro, Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien
Educatioun Universitéit vum Illinois,
Universitéit La Sapienza,
University of Oxford
Aktivitéit Fonctionnaire

De Jakov Milatović (Јаков Милатовић), gebuer de 7. Dezember 1986 zu Podgorica, ass e montenegrineschen Economist a Politiker.

Hie gouf den 2. Abrëll 2023 am zweeten Tour vun der Presidentscvhaftswal géint de Milo Đukanović zum neie Staatsprrsident vu Montenegro gewielt an den 21. Mee 2023 vereedegt. Virdu war hie vun Dezember 2020 bis Abrëll 2022 Minister fir wirtschaftlech Entwécklung. 2022 huet hien zesumme mam Milojko Spajić déi politesch Beweegung Evropa sad! ("Europa elo!") gegrënnt an ass zanterhier där hire Vizepresident.[1][2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jakov Milatović – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biografija Jakova Milatovića, Dan, 02.04.2023.
  2. Montenegro wählt den Wechsel: Das Ende der Ein-Mann-Demokratie, Tagesspiegel, 3. Abrëll 2023.