James Cook

Vu Wikipedia
James Cook
Gebuer 27. Oktober 1728
Gestuerwen 14. Februar 1779
Doudesursaach Stéchwonn
Nationalitéit Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Explorateur, Kartograph, Marinnoffizéier, Botaniker
Member vun Royal Society

Den James Cook, gebuer de 27. Oktober 1728 zu Marton bei Middlesbrough, a gestuerwen de 14. Februar 1779 an der Bucht vu Kealakekua op Hawaii, war e britteschen Entdecker.

Bal ouni Schoulbildung huet den James Cook sech säin nautescht a kartographescht Wësse wärend de Wanterméint selwer bäibruecht, wann de Kueleseegler, op deem hie sech bannen 8 Joer vum Schëffsjong zum Adjoint vum Steiermann héichgeshafft hat, am Hafe louch.

1755 ass hie bei Royal Navy gaangen an huet op verschiddene Reesen tëscht 1758 an 1767 u Bord vun der "Pembroke" de Sankt-Lorenz Stroum an d'Küste vun Neifundland a Labrador vermooss.

Opgrond vun dësen Erfarungen huet de Cook dorophin 1768 de Kommando iwwer eng Expeditioun kritt, déi am Optrag vun der kinneklecher geographescher Gesellschaft am Pazifik en astronomescht Evenement, de Venustransit virun der Sonn, observéiere sollt. Op der "Endeavour" huet de Cook 1769 Tahiti erreecht an d'Liewe vun de Leit vun do studéiert. Ausserdeem huet hien all d'Insele ronderëm kartographéiert an zu Éiere vun deenen, déi hien ugestallt haten, Gesellschaftsinsele genannt. No der Feststellung, datt Neiséiland aus 2 Haaptinsele besteet, ass de Cook no engem Openthalt op der Ostküst vun Australien 1771 an England zeréckgefuer.

Fir d'Existenz vun engem vegetatiounsräiche Südpolarkontinent ze klären ass de Cook zweemol iwwer de südleche Polarkrees virgedrongen, mä hien huet do nëmmen d'Äismasse vun der Antarktis fonnt.

Op senger 3. Expeditioun wollt de Cook no engem nërdleche Passage tëscht dem Atlantik an dem Pazifik sichen. Hien ass 1776 vu Plymouth fortgefuer an huet, nodeem hie vun Neiséiland an Tahiti koum, 1778 Hawaii nees entdeckt. Nodeem hien d'Westküst vun Nordamerika erreecht hat, ass hien no Norden an d'Beringstrooss geseegelt, wou hien, nodeem en iwwer de 70. nërdleche Breetegrad erausgefuer war, vun Dreifäis gezwonge gouf, nees ëmzedréinen.

Zeréck op Hawaii ass hie bei engem Sträit mat den Urawunner ëm d'Liewe komm.

Op senge laange Séireesen ouni frësch Liewensmëttel huet de Cook erausfonnt, datt Zitrounen a Sauermous exzellent Mëttele géint Skorbut sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Cook – Biller, Videoen oder Audiodateien