James G. Baker

Vu Wikipedia
James G. Baker
Gebuer 11. November 1914
Louisville
Gestuerwen 29. Juni 2005
Bedford
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Louisville,
Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences
D'Baker-Nunn-Kamera

Den James Gilbert Baker, gebuer den 11. November 1914 zu Louisville, Kentucky, USA a gestuerwen den 29. Juni 2005 zu Bedford, New Hampshire, USA ass den Entwéckler vun der Satellittekamera Baker-Nunn an anerer optescher Systemer fir d'Loft- a Raumfaart.

No engem Joer Déngscht am Zweete Weltkrich promovéiert hien 1942 um Harvard College Observatoire an Astronomie a préift an entwërft Objektiver fir Loftbildkamerae vun der Arméi a fir Remote Sensing. Ee vu senge Cheffe an der U.S. Army bezeechent hien als "the most versatile optical designer known to this command."

No 1945 huet de Baker fir den Air Force Photographic Laboratory, fir Perkin-Elmer, Eastman Kodak a schliisslech op der Universitéit Boston (Optical Research Laboratory, BUORL) geschafft. Vun 1955 un entwéckelt hie bal all d'Objektiver vun der US-Loftopklärung. Nieft de Kamerasystemer vun der U-2 war hien och fir d'Optik vun de Samos-Satellitte verantwortlech. Fir d'NASA entstoung 1966-67 eng speziell Versioun vun der Samos-Kamera fir d'fotografesch Fuerschung vum Äerdmound a fir d'Auswiel vun den Apollo-Landeplazen.

An den 1950er-Joren hat sech den Dr. Baker och reng astronomeschen Theemen zougedréit an huet Publikatiounen iwwer Schmidt-Cassegrain-Teleskopen an e Super Schmidt-Teleskop fir d'Observatioun vu Meteore gemaach. Zesumme mam Mecanicien Joseph Nunn huet hien 1957 d'Baker-Nunn-Kamera entwéckelt, där hiert méiachsegt System et fir d'éischt méiglech gemaach huet fir d'Kamera de Satellitten nozeféiern. D'Optik entstoung mat Computer-Ënnerstëtzung, wat deemools eng Pionéieraarbecht war.

D'„Baker-Nunn“ war en Undeel vum Smithsonian Astrophysical Observatory (SAO) fir den IGY 1957/58 (Internationaalt Geophysikalescht Joer) an hat bei der Bunnbestëmmung vun den éischte russeschen an US-Satellitte gehollef, ugefaange scho mat Sputnik 1 an der Explorer-Serie.

Duerch déi liichtstaark Optik (1:1, 50 cm), d'Technik vun der Filmupressung an d'Noféierung war déi Kamera extreem genee a konnt Satellitte souguer do verfollege wou se mat bloussem A net méi ze gesi waren (Liichtstäerkt méi schwaach wéi Stäre vu 6.Gréisst). Ongeféier 20 vun deenen tonneschwéiere Kamerae goufen hiergestallt an hunn nieft der Bunnbestëmmung vum Differential Orbit Improvement-Programm (DOI) vum SAO och der Satellittengeodesie gedéngt. Schonn am Ufank vun den 1960er-Jore gouf de Projet vun engem Weltnetz erprouft, dat mat enger Dose global verdeelte Satellittestatiounen d'Prezisiounvun e puer Meter erreecht hat - deemools e Qualitéitsspronk fir d'Äerdmiessung.

1948 krut hien d'Medal for Merit, deemools déi héchst zivil Auszeechnung vun den USA.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]