Jane Goodall

Vu Wikipedia
Jane Goodall
Gebuertsnumm Valerie Jane Morris-Goodall
Gebuer 3. Abrëll 1934
Hampstead
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Newnham College
Aktivitéit Aktivist, Etholog
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society

D'Dame Jane Morris Goodall, DBE, gebuer als Valerie Jane Morris-Goodall den 3. Abrëll 1934 zu London, as eng brittesch Primaten- a Verhalensfuerscherin, souwéi Anthropologin. Si gëtt als eng vun de gréissten Experte vu Schimpansen ugesinn, an ass dofir bekannt, zanter bal 50 Joer déi sozial a Familljestrukture vu wëlle Schimpansen am Gombe Stream National Park an Tansania erfuerscht ze hunn.

Si huet d'Jane Goodall Institute an de Roots & Shoots Programm gegrënnt a setzt sech fir Déiereschutz- a -konservatiounsmoossnamen an.

D'Jane Goodall huet op der Universitéit vu Cambridge studéiert, wou si en Doktorat an Ethologie (iwwer déi wëll Schimpansen) gemaach huet. Duerch hir Fuerschunge gouf kloer, datt vill Komportementer, déi bis dohin als "typesch mënschlech" ugesi goufen, och bei Schimpansen tëscht Familljen- oder Clan-Membere gängeg sinn (wéi Ëmäerbelen, Këssen oder Këddelen), datt d'sozial Interaktioune bannent engem Clan vill méi grouss a komplex sinn, wéi gemengt, an datt d'Schimpanse Geschier benotzen (z. B. e Grashallem, fir an engem Termitekoup ze stëppelen, a sou déi Déieren, déi sech dru festhalen, erausze"fëschen" an ze friessen). Si huet och festgestallt, datt Schimpansen och manner friddlecht Behuele kënne weisen, z. B. gi s'op d'Juegd fir aner, méi kleng Afenaarten, ze fänken an ze friessen; an dominant Weibercher an engem Grupp kënnen den Nowuess vu méigleche Konkurrentinnen doutmaachen.

Fir hir Aarbecht an hiert Engagement gouf si mat enger ganzer Rëtsch Präisser an Distinctiounen ausgezeechent.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1969 My Friends the Wild Chimpanzees Washington, DC: National Geographic Society
  • 1971 Innocent Killers (with H. van Lawick). Boston: Houghton Mifflin; London: Collins.
  • 1971 In the Shadow of Man Boston: Houghton Mifflin; London: Collins. Published in 48 languages.
  • 1986 The Chimpanzees of Gombe: Patterns of Behavior Boston: Bellknap Press of the Harvard University Press.
  • 1990 Through a Window: 30 years observing the Gombe chimpanzees London: Weidenfeld & Nicolson; Boston: Houghton Mifflin. 1991 Penguin edition, UK.
  • 1991 Visions of Caliban (mam Dale Peterson, Ph.D.). Boston: Houghton Mifflin.
  • 1999 Brutal Kinship (mam Michael Nichols). New York: Aperture Foundation.
  • 1999 Reason For Hope; A Spiritual Journey (mam Phillip Berman). New York: Warner Books, Inc.
  • 2000 40 Years At Gombe New York: Stewart, Tabori, and Chang.
  • 2000 Africa In My Blood (ed.: Dale Peterson). New York: Houghton Mifflin Company.
  • 2001 Beyond Innocence: An Autobiography in Letters, the later years (ed. Dale Peterson). New York: Houghton Mifflin Company. ISBN 0-618-12520-5
  • 2002 The Ten Trusts: What We Must Do To Care for the Animals We Love (mam Marc Bekoff). San Francisco: Harper San Francisco
  • 2005 Harvest for Hope: A Guide to Mindful Eating New York: Warner Books, Inc. ISBN 0-446-53362-9
  • 2009 Hope for Animals and Their World: How Endangered Species Are Being Rescued from the Brink Grand Central Publishing ISBN 0-446-58177-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jane Goodall – Biller, Videoen oder Audiodateien