Jasmännchen

Vu Wikipedia
Informatiounspanneau mam Jaasmännchen am Heischtergronn

Enger Seechen no war de Jas (oder Jasmännchen[1]) en aarme Baurekniecht vun Dol, deen de Leit aus der Géigend Angscht a Schrecken agejot huet.

Seechen[änneren | Quelltext änneren]

De Jas konnt liesen a schreiwen, wat zu der deemoleger Zäit fir e Kniecht zimmlech aussergewéinlech war. Hie gouf enges Daags an en Haus op Boukels geruff, fir do al Dokumenter z'entzifferen. Ënnert dësen Dokumenter war och e Manuskript derbäi, an deem vun engem Schatz riets goung, deen an der Bakes sollt verstoppt sinn. De Jas huet d'Dokument gehalen an de Schatz selwer ausgegruewen.

Duerch dëse Schatz war de Jas op ee Schlag räich ginn an domat gouf säi Bedierfnes erwächt fir nach méi Schätz auszegruewen. Hien huet gelunn a bedrunn a schliisslech e Pakt mam Däiwel geschloss fir nach méi Schätz z'ergadderen. Wat de Jas méi räich ginn ass, wat en och méi béisaarteg gouf an en huet sech mat jidderengem ugeluecht.

Well hie säi Räichtum kengem anere vergonnt hat, huet hie kuerz viru sengem Doud alles vergruewen. Ma well hien der zu Liefzäiten ze vill gestiicht hat, huet hien och am Doud keng Rou fonnt. Nuets koum säi Geescht aus dem Pëtz viru sengem Haus erausgekroch an huet et de Leit an der Ëmgéigend Angscht a Baang gemaach.

D'Leit wollten dem Jas fir zerguttst lass ginn, ma keen hat de Courage fir et mat sengem Geescht opzehuelen. De Brudder Thinnes, e Klausener deen op der Permesknupp gewunnt huet an deem iwwernatierlech Kräften nogesot goufen, krut schlussendlech d'Aufgab fir dem Jas sengem Spill en Enn ze maachen.

Dem Jasmännche seng Spiichten[änneren | Quelltext änneren]

  • All Owend koum de Jasmännchen iwwer d'Felder gedosch an ass dann duerch e Lach an enger Bichenheck gekroch fir op Dol ze kommen, wou an da gejaut an d'Leit aus dem Schlof gerappt huet. Enges Nuets wollten zwéi jonk Borschten de Jas fänken. Si hate sech zur Geeschterstonn hannert der Heck verstoppt an haten e Sak bei d'Lach an der Heck gehalen, sou datt de Jas huet missen do dra klammen.

Op eemol hu si eng Stëmm hannert sech héieren, si hunn de Sak méi fest ugehalen ier deen duerch eng grouss Flam zertséiert gouf an e peschtaartege Gestank iwwer d'Felder gezunn ass. Den anere Dag goufen déi zwéi Borschte mat verstallte Gesiichter a verbrannte Kleeder dout nieft der Heck fonnt.

  • Zu Toodler huet e Fëscher gewunnt, dee mat sengem Naachen d'Leit iwwer d'Sauer gesat huet. An enger stiermescher Nuecht hat hie vum aneren Uwänner eng Stëmme ruffen héieren "Huel mech eriwwer". Séier huet de Fëscher iwwergesat fir d'Persoun sichen ze goen. Um aneren Uwänner ukomm, ass eng kleng Gestalt mat engem laange Mantel an enger Kaputz an den Naache geklommen.

Ënnerwee fir op déi aner Säit, huet sech erausgestallt, datt et sech bei dëser Gestalt em de Jasmännche gehandelt huet. Deen huet ugefaangen allerhand Spiichten ze dreiwen, huet den Naachen hin an hier geklunscht an ass op- an ofgesprongen.

Dem Fëscher ass et ze bont ginn an huet dem Jasmännche mat der Rudderstaang eng kräfteg bei d'Läffele ginn, wat duergaang wier fir datt en normale Mënsch net méi opgestane wier. De Jasmännchen awer huet de Fëscher iwwerwältegt a geschloen datt deem schwaarz virun den Ae gouf. De Jasmännchen huet sech duerch d'Bascht gemaach an de Fëscher sengem Schicksal iwwerlooss. Wéi de Fëscher aus dem Tommel erwächt ass, war hien net wäit vun där Plaz ewech wou d'Wolz an d'Sauer fléisst; säin Naache war un engem Aascht hänke bliwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Nicolas Gredt „Sagenschatz des Luxemburger Landes. Gesammelt von Dr. N. Gredt“, Lëtzebuerg (Victor Bück), 1883; 645 S. (Dëst Buch ass en Auszuch aus: Publications de la Section historique de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Band 36. - D'Wierk ass e puermol reeditéiert ginn, fir d'lescht 2005 vum Guy Berg)
  • Marc Angel a Jean-Louis Schlesser, „De Jas - eng Éisleker Legend“, (Insitu-Creation-Edition), 2015, 118 S., ISBN 978-99959-716-8-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och nach an der Schreifweis mat zwéin a ze fannen (Jaasmännchen)