Javaneesesch
| Javaneesesch Basa Jawa, Basa Jawi | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an: | Indonesien |
| Regioun: | Java |
| Gëtt geschwat vun: | 80 Milliounen |
| Klassement: | 14 |
| Klassifikatioun no Famill: | Austroneesesch
|
| Offizielle Status | |
| Offiziell Sprooch vun: | Indonesien |
| Reglementéiert vun: | - |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-1 | jv |
| ISO 639-2 | jav |
| ISO 639-3 | jav |

Javaneesesch oder d'javaneesesch Sprooch (jav. ꦧꦱꦗꦮ / باسا جاوا basa Jawa) ass eng einheimesch Sprooch an Indonesien, déi gréisstendeels op der Insel Java geschwat gëtt an zum malayo-polyneeseschen Ënneraascht vun der austroneesescher Sproochefamill gehéiert, wéi och beispillsweis Malaysesch, Tagalog oder Malagasy. Mat ca. 80 Millioune Mammesproochler[1] (vun deenen déi meescht och zur javaneesescher Volleksgrupp zielen), ass si déi am meeschte geschwat Mammesprooch ënner den austroneesesche Sproochen[2]. Déi allermeescht Javaneese schwätzen awer och Indoneesesch, d'Sprooch déi dacks an interkulturellen, berufflechen a méi formelle Kontexter bevirdeelegt gëtt.
D'Sprooch ass virun allem laanscht d'nordwestlech Küst vu Java an an den Zentral- an Ostregioune vun der Insel verbreet, a gëtt och baussent Java op den aneren Insele vum indoneeseschen Archipel (Sumatra, Kalimantan, Sulawesi asw.) sou wéi och vun der javaneesescher Diaspora, zum Beispill a Malaysia, Singapur oder am Surinam benotzt. An der Sonnerregioun Yogyakarta genéisst d'Sprooch en plus en offizielle Status nieft dem Indoneeseschen.
D'Sprooch gëtt mat der Javaneesescher Schrëft, enger Abugida geschriwwen, déi, wéi vill aner Schrëftsystemer an der Indosphär och, vun der Brahmischrëft ofstaamt, wärend eng aner Schrëft, Pegon, eng Adaptatioun vum Arabeschen, elo nëmmen nach a muslimescher Literatur Gebrauch fënnt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Javaneesesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Number of Javanese Speakers Surpasses 80 Million Amid Preservation Challenges." ugm.ac.id, 09.05.2025.
- ↑ B. Nothofer: Javanese. Encyclopedia of Language & Linguistics (Second Edition) 2006, Pages 113-115. Abstract op sciencedirect.com (nogekuckt: 14.07.2025.)