Jean-Baptiste Determe

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Determe
Gebuer 2. Juli 1741
Soller
Gestuerwen 18. Januar 1787
Wien
Nationalitéit Herzogtum Lëtzebuerg
Aktivitéit kathoulesche Priister, Theolog
En Exlibris vum De Terme (sic!)

De Jean-Baptiste Determe, gebuer den 2. Juli 1741 zu Soller a gestuerwen den 18. Januar 1787 zu Wien, war Paschtouer zu Wien.

Mat 10 Joer ass hien an Däitschland bei eng gutt situéiert Famill wunne gaangen, wou hien zesumme mat den zwéi Jongen aus dem Haus erzu gouf. Hien huet op den Universitéiten zu Prag a Wien Philosophie, Droit an Theologie studéiert. Seng Dokteraarbechten an den dräi Fächer huet hie mat summis cum laudibus ofgeschloss.

No sengem Studium gouf hie Paschtouer an e bemierkenswäerte Priedeger am Stephansdoum zu Wien. Hien huet zum éisträiche Krees vun de militante Janseniste gehéiert. D'Äerzherzogin vun Éisträich, d'Maria Theresia huet hien zu hirem Beichtpapp gemaach an hie gouf an den Adelsstand erhuewen. De Keeser Joseph II. huet hien als Gespréichspartner a politeschen a philosophesche Froen appreciéiert.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]