Op den Inhalt sprangen

Jean-Baptiste Knaff

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Knaff
Gebuer 10. Dezember 1808
Gréiwemaacher
Gestuerwen 1. Mäerz 1882
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Politiker
Fonctioun Buergermeeschter
Member vun Assemblée constituante vun 1848, Chamber
Famill
Geschwëster Philippe Knaff

De Jean-Baptiste Knaff, gebuer den 10. Dezember 1808 zu Gréiwemaacher, an do gestuerwen den 1. Mäerz 1882, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.[1]

No sengem Medezins- a Pharmaziesstudium zu Léiwen huet hie sech, no zwee Joer zu Arel, a senger Heemenchtsstad als Dokter etabléiert.[1]

De Jean-Baptiste Knaff war vun 1852 bis 1854 Deputéierten an der Chamber. 1848 war hien och Member vun der Assemblée constituante.[2] 1842 gouf hie fir d'éischt an de Gemengerot vu Gréiwemaacher gewielt. E gouf 1845 zum Schäffen ernannt a war vun 1869 bis 1874 Buergermeeschter vu Gréiwemaacher.[1]

Do dernierft war hien och Wënzer; him huet ë.a. de Clos du Rocher gehéiert.[1]

Hie war mat der Victorine Heuardt vu Lëntgen bestuet a Papp vun 3 Kanner. Den Historiker an Auteur Philippe Knaff war säin Hallefbrudder.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 5 (de) R.S., Ärzte einst und jetzt - Landarzt vor 100 Jahren. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 3 a Säit 6. d'Lëtzebuerger Land (09.05.1969). Gekuckt de 14.11.2025.
  2. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.