Jean-Baptiste Nothomb

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Nothomb
Gebuer 3. Juli 1805
Miezeg
Gestuerwen 16. September 1881
Berlin
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck,
Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Historiker, Diplomat, Affekot
Partei Parti libéral
Famill
Kanner Isabelle Nothomb

De Jean-Baptiste Nothomb, gebuer den 3. Juli 1805 zu Miezeg (fr.: Messancy) a gestuerwen de 16. September 1881[1] zu Berlin, war e lëtzebuergesch-belschen Affekot, Politiker an Diplomat. Seng Eltere waren de Jean-Baptiste Nothomb (1786-1814) an d'Hélène Schouweiler (1781-1852). Hie war ee vun de "Pappe" vun der Onofhängegkeet vun der Belsch.

De Jean-Baptiste Nothomb, deem säi Papp vun Déifferdeng a seng Mamm vun Nidderkäerjeng war (säi Grousspapp war eng Zäit ënner dem éisträichesche Regime Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg), huet nom Ofschloss vu sengem Secondaire-Studium am Kolléisch, mat 17 Joer, zu Léck Droit studéiert. No sengem Studium huet e sech als Affekot um Stater Barreau ageschriwwen a war Stagiaire beim Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine.

Seng politesch Carrière huet hie geschwënn op Bréissel gefouert, wou en am Courrier des Pays-Bas geschafft huet, enger liberaler Zeitung, déi oppe géint den hollännesche Regime opgetrueden ass. Wéi de 25. August 1830 d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, war den Nothomb grad zu Péiteng an der Vakanz bei der Famill. Kuerz duerno war hien awer nees zu Bréissel, wou en, mat nëmme 25 Joer, ee vun deenen 12 "Weise" war, déi d'Belsch Verfassung, deemools déi fortschrëttlechst a liberaalst aus ganz Europa, mat ausgeschafft huet. Hie war och Member vum Congrès national, deen déi belsch Institutiounen - dorënner de Kinnek - agesat huet, an duerno, bis 1837, vun der belscher Chambre des Représentants.

1833 huet de Jean-Baptiste Nothomb en Essai historique et politique de la Révolution belge publizéiert, an där en d'Schwieregkeeten, mä och d'Noutwendegkeet vun der Grënnung vun engem onofhängege belsche Staat beschriwwen huet. Hie wollt, datt Lëtzebuerg deem neie belsche Staat sollt zougehéieren, a war verbattert, datt en net verhënnere konnt, datt et 1839, duerch den Traité vu London gedeelt gouf.

1836 huet hie sech mat senger Kusin Lucie Ernestine Wilhelmine Boch (1811-1887) bestuet, Duechter aus der Entreprenersfamill Boch, déi op de Siwebueren eng Faïencerie bedriwwen huet. D'Koppel krut 6 Kanner: Hélène (1837-1919), Maria (1838-1921), Eugène (1840-1930), Godefroy (1841-1867), Conrad (1844-1866) an Isabelle (1846-1925).

Vun 1838 bis 1840 war hien an der Belsch Minister fir ëffentlech Bauten, wou eent vu sengen Haaptuleies d'Verbreedung vun der Eisebunn war, a vun 1841 bis 1845 Inneminister. An där Funktioun huet hien e Gesetz iwwer d'Primärschoulbildung mat proposéiert an en Handelsofkommes tëscht der Belsch an dem däitschen Zollveräin ofgeschloss.

Tëscht 1842 an 1845 war hien de facto Regierungschef (den Titel gouf et net).

36 Joer laang, vun 1845 bis zu sengem Doud, am Joer 1881, war den Nothomb noeneen Ambassadeur vun der Belsch a Preisen, Sachsen an Hannover, a vun 1871 un, zu Berlin, wou e sech mat Geschéck dofir agesat huet, datt d'Belsch als neie Staat eescht geholl ginn ass.

1853 gouf e vum Kinnek Leopold I. geadelt an zum Baron ernannt, an d'Lëtzebuerger hunn e mat der Grand croix de l'Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent.

Den Nothomb ass mat groussem Pomp um Kierfecht am Rollengergronn am Familljegraf vu senger Fra bäigesat ginn. Zu Beggen an der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss no him genannt (Rue Jean-Baptiste-Nothomb), grad wéi dat an ettlechen Uertschaften an der Belsch de Fall ass.

De Jean-Baptiste Nothomb war den Hallefbrudder vum Alphonse Nothomb.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Specimen inaugurale juridicum enarrans juris emphytheotici historiam apud Romanos; Léck (Dokterthees iwwer d'Geschicht vum bail emphythéotique bei den ale Réimer), 1826.
  • Essai politique et historique sur la Révolution belge; Bréissel, 1876 (= 4. Oplo).
  • Les comtes de Vianden ou de Vienne [sic!], ancêtres du Roi des Pays-Bas; in: Revue belge, 1830.
  • Discours diplomatiques prononcés de 1830 à 1839, gesammelt an erausgi vum Th. Juste; Bréissel (Muquardt), 1874.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ruzette, Jacques: J.B. Nothomb; Bréissel (La Renaissance du Livre; collection 'Notre passé'), 1946; 135 S. (mat engem Portrait op der S. 4).
  • Juste, Th.: Le Baron Nothomb; in: Les Fondateurs de la Nationalité belge; Bréissel, 1874.
  • Nothomb, Pierre: J.-B. Nothomb et ses frères; Bréissel (Librairie Nationale d'Art et d'Histoire), 1931.
  • de Ryckman de Betz, F.: Le Baron Nothomb et la Question Luxembourgeoise; in: Les Cahiers Belges, 1918.
  • Jean-Baptiste Nothomb et les débuts de la Belgique indépendante - Actes du Colloque international de Habay-la-Neuve, 5 juillet 1980, organisé par les Archives de l'État à Arlon; erausgi vum Roger Petit (Chefarchivist zu Arel); Bréissel (Archives générales du Royaume), 1982; 183 S. mat 7 Illustratiounen; mat Contributiounen, ënner aneren, vum Paul Margue a Gilbert Trausch.
  • Kayser, Ed : Jean-Baptiste Nothomb 1805-1881; in: 400 Joer Kolléisch, Band II, L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993, Ss. 269-270 (mat engem Portrait, deen näischt do verluer huet -> Verwieslung duerch en Editiounsresponsabel); Lëtzebuerg (éditions Saint-Paul), 2003.
  • François Roelants du Vivier, Un pays convoité - Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) et la construction de la Belgique; B-Wavre (éditions Mols), 2022.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Zoekresultaten. www.odis.be. Gekuckt de(n) 2021-11-05.