Jean-Baptiste Sax
| Jean-Baptiste Sax | |
|---|---|
| Gebuer |
13. Oktober 1876 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
7. Mee 1950 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Affekot |
| Partei | Rietspartei |
| Fonctioun | Generaldirekter vum Interieur, Justizminister, Conseiller am Staatsrot, Justizminister vu Lëtzebuerg |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
| Famill | |
| Geschwëster | Joseph Sax |
|
| |
De Jean-Baptiste ("Batty") Sax, gebuer den 13. Oktober 1876 am Pafendall[1] an och do gestuerwen de 7. Mee 1950 am Alter vun 73 Joer[2] war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
Hien hat en Doktorat am Droit, a war noeneen Attaché am Justizminstère (1903), Friddensriichter zu Réiden op der Atert (1904), provisoresche Secrétaire-adjoint vum Staatsrot (1906), Distriktscommissaire vum Distrikt Lëtzebuerg (1910), Direkter vun der Steier-, Akzisen- a Kadasterverwaltung (1913).[3]
Hie war vum 6. November 1915 bis de 24. Februar 1916 Generaldirekter (Minister) fir Justiz an Interieur, fir e puer Wochen och fir Finanzen an Erzéiung, an der Regierung Loutsch.
Dono koum hien an d'Direktioun vu Steieren, Akzisen a Kadaster zeréck, fir schlussendlech, vum 3. Juni 1924 bis de 16. November 1945, Member vum Staatsrot ze ginn.[4]
De Batty Sax war de Brudder vum Joseph Sax.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1935)[5]
Grand officier vum Ordre de Léopold II (Promotioun 1922)[6]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsschäi vun der Stad Lëtzebuerg
- ↑ Doudesannonce vum Jean-Baptiste Sax am Wort vum 10. Mee 1950 Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 23.12.2012.
- ↑ "D'Industrië vun der Famill Sax-Bodson." op industrie.lu.
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert de 26.09.2011. Gekuckt den 12.01.2013.
- ↑ (de) Die Festlichkeiten in Brüssel - Belgische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (15. Mee 1922). Gekuckt den 08.08.2023.
