Jean-Baptiste de La Salle
| Jean-Baptiste de La Salle | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
30. Abrëll 1651 Reims |
| Gestuerwen |
7. Abrëll 1719 Rouen |
| Alter | 67 Joer |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Theolog, kathoulesche Priister, Enseignant, Pedagog, Grënner vun engem Uerden |
|
| |
De Jean-Baptiste de La Salle, gebuer den 30. Abrëll 1651 zu Reims, a gestuerwen de 7. Abrëll 1719 zu Rouen, war e franséische Paschtouer, Pedagog a Grënner vun engem reliéisen Uerden. Hie gëtt an der kathoulescher Kierch als Hellege veréiert.
Hien huet Theologie studéiert, gouf Kapitular an der Kathedral vu Reims, a 1678 zum Priister geweit. 1680 gouf hien zum Dokter an der Theologie promovéiert.
1679 huet hien eng Schoul gëgrënnt, déi fir Aarmer gratis war. 1684 huet hien d'Kongregatioun vun de Bridder vun de chrëschtleche Schoulen (Frères des écoles chrétiennes; och: Schoulbridder) op d'Bee gestallt, déi an de Joren dono op ville Plaze Schoulen, Erzéiungsariichtungen, asw. opgemaach hunn. D'Schoul war a Klassen, an d'Unterréchtssprooch war franséisch, wat deemools nei war.
De Jean-Baptiste de La Salle gouf 1888 séileg an 1900 helleg gesprach.
Zu Lëtzebuerg gouf d'Jongenheem, dat vun den 1910er bis uganks vun den 1980er Joren am Bettenger Schlass war, vun de Bridder vun där Kongregatioun gefouert.[1]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Betteng eng Strooss no him genannt.
Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Les Règles et Constitutions
- Méditations pour le dimanches et fêtes
- Méditations pour le temps de la retraite
- L’Explication de la méthode d’oraison
- Recueil de petits traités à l’usage des Frères
- Conduite des écoles chrétiennes
- Les règles de la bienséance et de la civilité chrestienne [...] à l’usage des écoles chrestiennes.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Alfons Faber: Johannes von La Salle (1651-1719). Gründer der Ordensgemeinschaft der Schulbrüder. ein Leben für Gott und die Jugend. Provinzialat der Brüder der Christlichen Schulen, Wien 1981
- Petronius Paltram: Pädagogik des hl. Johann Baptist de la Salle und der christlichen Schulbrüder. Herder, Freiburg i. B. 1911
- Luke Salm: Und führte mich auf unmerkliche Weise. Das Leben des hl. Johannes von LaSalle und das Institut der Schulbrüder. EOS, St. Ottilien 1993, ISBN 3-88096-714-8
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Jean-Baptiste de La Salle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Saint-Yon an der Mess. In: Revue, 19. Jg., nº 9 (02.03.1963), p. 12 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
