Jean-Bertels-Statu op der Iechternacher Sauerbréck
Typ | Statu |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Veianen |
Plaz | Al Sauerbréck zu Iechternach |
Kënschtler | Charles Kohl |
Zu Éiere vun | Jean Bertels |
D'Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck, déi Iechternach mat Iechternacherbréck verbënnt, kann op eng mouvementéiert Geschicht zeréckblécken.
D'Statu vum Grafmonument
[änneren | Quelltext änneren]Am Abrëll 1798[1] gouf fir d'éischt Kéier eng Statu vum Bertels op d'Bréck gesat. Si koum vu sengem Grafmonument an der Iechternacher Basilika, wou se gehënnert huet, wéi d'Abteikierch an eng Faïencerie ëmgebaut ginn ass. Op hire Wonsch hin hat den neie Proprietär vun der Basilika, de Jean-Henri Dondelinger, den Iechternacher Schaffbaier d'Statu iwwerlooss, fir si op d'Bréck ze setzen, wou si eng Kräizegungsgrupp, déi vun de franséische Revolutiounstruppen zerstéiert gi war, ersetze sollt. D'Schaffbaier hunn an där Statu awer net den Abt Bertels, mä villméi hire Patréiner, den Hellegen Niklos, gesinn[2].
Et liest een alt, datt d'Pateren, wéi d'Fransouse 1794 koumen, d'Statu vum Bertels sengem Graf ewechgeholl an an d'Sauer geheit hätten, fir datt keen dru kéim. Wéi spéider nees aner Verhältnesser waren, wier dann d'Statu aus dem Waasser eraus geholl an op d'Sauerbréck gestallt ginn[3]. Dës Versioun entsprécht net den historeschen Tatsaachen.
D'Statu vum Bertels, vun där et 1856 geheescht huet, si wier staark beschiedegt[4], gouf géint Enn vun den 1860er Jore vun Iechternacher Vandalen, déi e Patt ze vill gedronk haten, zerstéiert an an d'Sauer gehäit[5].
D'Statu vum Michel Deutsch
[änneren | Quelltext änneren]Et sollt bis den 21. September 1883 dauere bis si ersat gouf[6]. Déi nei Statu war e Wierk vum Veianer Sculpteur Michel Deutsch. Si gouf vu verschiddene Säite vehement kritizéiert; besonnesch ervirgedoen huet sech dobäi de Pierre Wolff, Zeecheproff an der Normalschoul[7], an engem Artikel an der Zäitschrëft "Das Luxemburger Land"[8].
Där Statu gouf an der Nuecht vum 3. op de 4. Mäerz 1939[9] de Kapp erofgeschloen an an d'Sauer gehäit. Laut den Iechternacher waren d'Täter besoffen Nazien, déi provozéiere wollten[10], wärend déi däitsch Ambassade behaapt huet, als Auteur vun där Dot wier e Mann, deen an engem Zoustand vu geeschteger Verwirrung gehandelt hätt, identifizéiert ginn[11]. D'Statu konnt glécklecherweis nees gefléckt ginn: laut engem Arrangement tëscht dem Iechternacher Kondukter an der däitscher Verwaltung huet en däitsche Fachmann op Käschte vun Däitschland de Kapp erëm drop gesat[12].
Wéi d'Wehrmacht den 12. September 1944 d'Sauerbréck gesprengt huet, blouf de mëttelste Pilier mat der Statu stoen; si war nach intakt, gouf awer duerno am weidere Verlaf vum Krich zerstéiert[13].
Den 23. Mee 1947 huet d'Lëtzebuerger Post en Timber erausginn, op deem de Bertels op der zerstéierter Bréck, sou ze gesinn ass, wéi hien am September 1944 do stoung[14].
D'Statu vum Heinrich Hamm
[änneren | Quelltext änneren]De 17. Juli 1950 koum erëm eng Bertelsstatu op déi nees opgebaute Bréck, déi de 5. Januar 1950 ageweit gi war, stoen. Dës Statu war vum däitsche Sculpteur Heinrich Hamm a si war aus roudem Kyllsandsteen. Wéinst engem Materialfeeler, huet de Bertels op Äschermëttwoch 1964 säi Gesiicht verluer. Eng Reparatur hat net vill gehollef, well am Wanter 1965 war säi Gesiicht erëm erofgefall, an et gouf decidéiert, eng nei Statu an Optrag ze ginn[11].
D'Statu vum Charles Kohl
[änneren | Quelltext änneren]Déi haiteg Statu gouf no engem Entworf vum Charles Kohl an Euviller Stee realiséiert, keng naturalistesch Duerstellung, mä eng éischter stiliséiert Skulptur, déi duerch hir fléissend Linne beandrockt. An der Hand hält de Bertels e Buch, en Hiwäis op seng Historia Luxemburgensis[15]. Um Sockel vun der Statu ass dem Bertels säi Wopen ze gesinn.
Déi beschiedegt Statu vum Bertels, déi den Heinrich Hamm sculptéiert hat, an déi op engem Depot vun der Bauverwaltung louch, gouf am Optrag vum Service des sites et monuments nationaux vun der Firma Goergen-Mola vun Ettelbréck restauréiert, an duerno am Iechternacher Park opgestallt[11].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1939. Die beiden Bertels-Statuen in Echternach. Luxemburger Wort 1939, Nr. 89 (30. März), S. 4. (signéiert mat: M.) [3]
- Kauthen, P., 2007. Wie Abt Bertels seinen Kopf verlor und die Nazis ihr wahres Gesicht zeigten. In: Heimatkalender 2008 Eifelkreis Bitburg-Prüm, S. 237-239.
- Kiesel, G., 1957. Die Mönchsfigur auf der Brücke. Zum 350. Todesjahr des Historikers Johannes Bertels. Luxemburger Marienkakender 1957, S. 48-52.
- Kiesel, G., 1977. Die Denkmalstatue auf der Sauerbrücke. In: Echternach, notre ville. Livre d'or de la Société d'Embellissement d'Echternach 1877-1977. Echternach, Impr. Burg, S. 105-122.
- L'Évêque de la Basse-Moûturie, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. Luxembourg, Libr. V. Hoffman, XXIX-500 S. [4]
- Spang, P., 1997. Johannes Bertels als "Brückenheiliger" in Echternach. In: Annuaire de la ville d'Echternach 1996, S. 9-25.
- Weber, H.T., 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Blieskastel, Gollenstein, 419 S.
- Wolff, P., 1883. Die neue Bertelsstatue auf der Sauerbrücke zu Echternach. Das Luxemburger Land, 2. Jg., Nr. 45 (11. November), S. 629-630. [5]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Spang 1997, S. 15. — De L'Évêque de la Basse-Moûturie (1844, S. 241) war der iertemlecher Meenung, dem Bertels seng Statu hätt schonn viru 1794 op der Bréck gestanen; dofir schreift hien: En 1794, la statue de ce digne prélat fut cachée dans la Sûre par les bourgeois d'Echternach, afin de la soustraire à la profanation des sans-culottes français. On ne l'en retira qu'après la tourmente révolutionnaire pour la replacer sur le pont où elle est encore exposée à la vénération du peuple.
- ↑ Neyen, A., 1860. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, S. 64. Kiesel 1977, S. 111, Spang 1997, S. 15.
- ↑ Friedrich, E., 1985. Kalennerblieder, Bd. V. Lëtzebuerg, S. 9.
- ↑ Die St. Clemens-Willibrordskirche in Echternach. Luxemburger Wort 1856, Nr. 41 (4. April), S. 2. [1]
- ↑ Spang 1997, S. 17.
- ↑ Spang 1997, S. 21.
- ↑ Blum, M, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 607.
- ↑ Wolff 1883
- ↑ Archives nationales, Luxembourg: AE 2580. Incidents de frontière: endommagement de la statue de l'abbé Bertels dans la nuit du 3 au 4 mars 1939. (Pont de la Sûre à Echternach). [2] Kuckt och: Kauthen 2007, S. 238. Massard, J.A., 2010. Echternacherbrück im Spiegel der luxemburgischen Tagespresse (1920-1950). In: Heimatkalender 2011 Eifelkreis Bitburg-Prüm (am Drock).
- ↑ Kiesel 1957, S. 52; Kiesel 1977, S. 112, Spang 1997, S. 22; Kauthen 2007, S. 238.
- ↑ 11,0 11,1 11,2 Weber 1997, S. 246.
- ↑ Massard 2010; Escher Tageblatt 1939, Nr. 71 (24. Mäerz), S. 4
- ↑ Kiesel 1957, S. 52; Spang 1997, S. 22f.
- ↑ Kauthen 1997, S. 238; Kauthen, P., 1998. L'histoire d'Echternach racontée par les timbres-poste luxembourgeois. In: Cercle Philatélique Echternach (éd.): 57e Journée du Timbre Echternach, S. 35.
- ↑ Weber 1997, S. 246; Spang 1997, S. 23f.