Jean-Claude Asselborn

Vu Wikipedia
Jean-Claude Asselborn
Pseudonym Jean Sorrente, Alphonse Maintes, Claude Méréan, C. Malans
Gebuer 27. November 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser, Kolumnist, Konschtkritiker, Literaturkritiker

De Jean-Claude Asselborn, och bekannt ënner de Pseudonymmer Jean Sorrente, Alphonse Maintes, C. Malans oder Claude Méréan, gebuer de 27. November 1954, ass e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Schrëftsteller, Konscht- a Literaturkritiker a Kolumnist.

Hien huet op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert an ass 1985 mat engem doctorat de 3e cycle iwwer de "Montaigne, le sujet et l'écriture" (269 S.) promovéiert ginn.

Hie war Franséischprofesser, d'éischt am Lycée classique d'Echternach, an duerno a bis zum Schluss vu senger Carrière 2016 am Stater Kolléisch. De Jean Sorrente, deen nëmmen op Franséisch schreift, huet laang praktesch all Woch eng Chronik an der Wochenzeitung Le Jeudi gehat.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Prix Tony-Bourg, 1993 fir Nuits;
  • Prix de la Libre Académie de Belgique, 1998, fir Le Vol de l'aube a fir säi Gesamtwierk;
  • Prix Servais, 2003, fir Et donc tout un roman.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Monographien[änneren | Quelltext änneren]

  • La Visitation. Carnets pour un roman. Virton: Michel frères. 1991.
  • Nuits. Roman. Echternach: Éditions Phi. 1994.
  • Petit livre d'oraisons. 1994 (Oplo vu 4 Exemplairen).
  • Le Vol de l'aube. Roman. Echternach: Éditions Phi (coéd. Québec: XYZ). 1995.
  • Scolies. Echternach: Éditions Phi. 1999.
  • Petit livre d'oraisons, suivi de Cinq élégies à Luxembourg. Echternach: Éditions Phi; Trois-Rivières: Ecrits des forges. 2001.
  • Et donc tout un roman. Esch/Alzette: Phi. 2002.
  • Port-Royal. Fotoen: André Janssens. Esch/Alzette: Éd. Phi. 2002.
  • La Guerre du temps (Roman); Bridel (Hydre éditions), 2020; 471 Säiten; ISBN 978-2-9199541-5-5

Kontributiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • "Poèmes", In: Nouvelle Europe. 1974.
  • "Poèmes", In: Proscenium. (juin et décembre 1974).
  • "Un se divise en deux", Diptyque. In: Les Cahiers Luxembourgeois. n° 4. 1994. pp. 69–73.
  • "A Coxyde". In: Europe. Paris. n° 792. avril 1995. pp. 190–192.
  • "En route". In: Journées littéraires de Mondorf 1999 = Mondorfer Literaturtage 1999. Echternach: Éditions Phi 1999. pp. 237–247. [Unterwegs. Trad. Andrée Asselborn. pp. 248–259.]
  • "Voix". In: Escales littéraires d'automne. Bordeaux: Le Castor astral. 2000. pp. 245–251. [Collection 'Escales du Nord']
  • "Préambule". In: Virum wäisse Blat. [Walferdange]: Walfer Bicherdeeg. 2003.
  • "L'art pompier et autres". In: Nos Cahiers n° 3. (numéro spécial). 2005. pp. 125–131.
  • "Bonjour, Monsieur Pirotte". In: Iwwer Bierg an Dall: Lëtzebuerger Auteuren op der Rees. Luxembourg: G. Binsfeld. 2005. pp. 88–93

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • De Toffoli, Ian La réception du latin et de la culture antique : dans l'oeuvre de Claude Simon, Pascal Quignard et Jean Sorrente; 492 Säiten, Paräis (Honoré Champion), 2015. ISBN 978-2-7453-2905-9

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]