Jean-Claude Loutsch

Vu Wikipedia
Jean-Claude Loutsch
Gebuer 21. Juli 1932
Paräis
Gestuerwen 24. Juli 2002
Briddel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Aendokter, Moler, Heraldiker, Historiker, Genealog

De Jean-Claude Loutsch, gebuer den 21. Juli 1932 zu Paräis, gestuerwen de 24. Juli 2002 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ophtalmolog an Heraldiker.

De J.-Cl. Loutsch huet sech 1964 als Aendokter an der Stad etabléiert, wou hie bis 1989 praktizéiert huet.[1]

Hie war President vun der Académie internationale d'héraldique, an hat am Laf vu sengem Liewen eng Fachbibliothhéik vun enger 15.000 Bicher zesummegestallt, wouvunner der 2.700 iwwer d'Heraldik an d'Sigillographie. Dorënner sinn 51 rar Manuskripter, déi deelweis aus der Zäit vu viru 1500 stamen. Seng Wittfra Josannette Loutsch-Weydert huet déi 2022 der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik iwwerdroen.[2]

De Jean-Claude Loutsch war den Ururenkel vum Jean-François Eydt.[3]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Loutsch, J.C., 1974. Armorial du pays de Luxembourg. Publications nationales du Ministère des Arts et des Sciences, Lëtzebuerg (bibnet.lu)
  • Loutsch, J.-C., 1982. La famille Eydt de Neumühle-lez-Luxembourg. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall, S. 240-264. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.
  • Loutsch, J.-C., 1989, Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg, Impr. de la Cour V. Buck, Lëtzebuerg, 329 S. (bibnet.lu)

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

  • 2022 gouf e Sall vun der Nationalbibliothéik, an deem ee wäertvoll al Dokumenter ka consultéieren, no him genannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. H. Kugener: Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg 2005, S. 975.
  2. "Wichtegste privaten Don un een ëffentlecht Kulturinstitut." 100komma7.lu, 23. Mäerz 2022.
  3. J.-C. Loutsch 1982, S. 256.