Jean-François Pilâtre de Rozier
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Loftfaartpionéier. Fir de Moundkrater, kuckt wgl. Pilâtre (Moundkrater). |
Jean-François Pilâtre de Rozier | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
30. Mäerz 1754 Metz |
Gestuerwen |
15. Juni 1785 Wimereux |
Doudesursaach | Fligeraccident |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Pilot, Cheemiker, Ballonspilot, Physiker |
Member vun | Metz |
![]() |
De Jean-François Pilâtre de Rozier, gebuer den 30. Mäerz 1754 zu Metz, a gestuerwen de 15. Juni 1785 zu Wimereux am Département Pas-de-Calais, war e franséische Physiker, den éischte Pionéier an der Loftfaart an zesumme mam Pierre Romain den éischten Doudesfall an der Geschicht vun der Loftfaart.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Jean-François Pilâtre de Rozier gouf zu Metz als drëtte Jong vun der Magdeleine Wilmard a dem Mathurin Pilastre gebuer. Säi Papp, deen och "du Rosier" genannt gouf, war e fréieren Zaldot, dee Wiert gi war. Am Collège royal vu Metz huet de Pilâtre sech méi fir d'Chimie an d'Naturwëssenschafte wéi z. B. fir Latäin interesséiert. Mat uechtzéng Joer ass hien op Paräis gaangen, huet do als Apdikter geschafft an ass a Virliesungen iwwer Mathematik, Physik an Naturgeschicht gaangen. Méi spéit huet hie Physik a Chimie op der Akademie vu Reims enseignéiert, wouduerch de Grof vun der Provence, de spéidere Kinnek Louis XVIII., op hien opmierksam gouf.
De Pilâtre ass op Paräis hannescht gaangen, wou hie sech ëm dem Grof seng Cabinete vun der Physik, der Chimie an der Naturgeschicht gekëmmert huet. Hie stoung och am Déngscht vum Grof senger Fra, wouduerch hien den Adelsnumm "Pilâtre de Rozier" krut. Den 11. Dezember 1781 huet hien säin eegene Musée, de Musée technique, zu Paräis am Marais opgemaach, wou hie physikalesch Experimenter gemaach a sengen aristokratesche Visiteuren Demonstratioune virgefouert huet. Hie huet um Gebitt vun de Gase gefuerscht an e Beootmungsapparat (Respirator) erfonnt.
Mam Accord vum Kinnek ass et dem deemoleg 29 Joer ale Pilâtre de Rozier de 15. Oktober 1783 gelongen, mat enger Montgolfière ze fléien, engem Waarmloftballon, dee vun de Bridder Montgolfier gebaut gouf. Mam Ballon, dee mat Seeler um Buedem verankert war, koum hie bis op eng Héicht vu ronn 26 Meter; et war den éischten, historesch dokumentéierten, bemannte Fluch vun der Mënschheet.
Den 21. November 1783 ass de Pilâtre fir d'éischt an der Mënschheetsgeschicht mat engem „fräie“ Ballon geflunn, e Ballon deen also net um Buedem festgemaach war. Zesumme mam François d'Arlandes ass de Pilâtre wärend 25 Minutten iwwer ronn 10 km vum Schlass La Muette bis op d'Butte-aux-Cailles geflunn.
De Pilâtre huet d'Rozière entwéckelt, eng Kombinatioun aus engem Waasserstoff- a Waarmloftballon, déi no him genannt gouf. Mat esou engem Loft-Gas-Hybridballon ass hien de 15. Juni 1785 vu Boulogne-sur-Mer aus a Richtung Groussbritannie gestart. No fënnef Kilometer huet de Waasserstoff sech op enger Héicht vun 900 Meter entzünt an de Ballon zerstéiert. D'Gondel ass erofgefall an de Pilâtre de Rozier a säi Co-Pilot Pierre Romain koume beim Accident ëm d'Liewe. Si waren déi éischt Doudesfäll am Loftverkéier.
1991 gouf de Moundkrater Pilâtre no him genannt. Och de Rozier-Gletscher an der Antarktis dréit säin Numm.
-
Éischte bemannte Fluch mat engem Waarmloftballon de 15. Oktober 1783
-
Éischte bemannte fräie Fluch den 21. November 1783
-
Déidlechen Accident de 15. Juni 1785
-
Doud vum Pilâtre
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Nouvelle biographie générale Bd. 40. Firmin Didot Frères, Paräis 1862; Col. 233-236 (Franséisch)
- Patrick Abbot: The world’s first air disaster, Aeroplane Monthly, Januar 1977
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Jean-François Pilâtre de Rozier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Marvin Schieben, Pionier der Lüfte - Ein Sohn der Großregion wird zum ersten Opfer der Luftfahrt, wortl.lu, 14.06.2025