Jean-François Gangler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur an Iwwersetzer Jean-François Gangler. Fir den Architekt François Gangler, kuckt wgl. François Gangler.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-François Gangler
Gebuer 4. Juli 1788
Gestuerwen 13. Mäerz 1856
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Iwwersetzer

De Jean-François Gangler, gebuer de 4. Juli 1788 a gestuerwen den 13. Mäerz 1856 an der Stad Lëtzebuerg, war en Zaldot ënner dem Napoleon, Läitnant am Département des Forêts, Sproocheprofesser zu Prag, Polizeikommissär a vereedegten Iwwersetzer zu Lëtzebuerg.

Bekannt gouf hien duerch d'Publikatioun vum éischte Lëtzebuerger Dictionnaire, dem Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (1847).

1840 hat hien e Lyrikband op Lëtzebuergesch, Koirblummen um Lamperbiéreg geplekt, erausbruecht.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Vum Gangler[änneren | Quelltext änneren]

  • Lexicon der Luxemburger Umgangssprache (wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird)..., Lëtzebuerg 1847.

Iwwer de Gangler[änneren | Quelltext änneren]

  • Emmel, Fernand: "Jean-François Gangler (1788-1856): une vie au service de la Ville de Luxembourg et de la langue luxembourgeoise". In: Annuaire / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik, 1997, S. 5-208, ill., tabl., carte en ann.
  • Emmel, Fernand: "Register des Polizeikommissar Gangler". In: Bulletin n°35 des Anciens de l'Athénée, 2015, S. 68-93, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]