Prix Jean-Gabin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jean-Gabin Präis)

De Prix Jean-Gabin war e franséische Filmpräis. En ass tëscht 1981 an 2006 all Joer un ee franséischen oder franséischsproochege (männlechen) Nowuessschauspiller gaangen.

De Louis de Funès hat d'Iddi fir d'Auszeechnung a wollt domat säi Schauspillkolleeg Jean Gabin éieren, deen 1976 gestuerwe war.

2006 gouf mam Jean-Gabin-Präis opgehale wëll et e Sträit gouf tëscht den Organisateuren an der Duechter vum Jean Gabin. 2008 gouf en duerch de Patrick-Dewaere-Präis ersat.[1]

Fir Nowuessschauspillerinne gëtt et de Romy-Schneider-Präis.

Präisdréier[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. allocine.fr: Pas de prix Jean Gabin en 2008 ! (23. November 2007)