Jean-Henri Dondelinger

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jean-Henri Dondelinger, gebuer 1753 zu Keel, gestuerwen den 23. Oktober 1816 zu Iechternach war en Industriellen a Lokalpolitiker.

De Jean-Henri Dondelinger, deen am Déngscht vun der Abtei Iechternach stoung, war den 29. November 1781 vum Abt Emmanuel Limpach Schäffe vum Haff Ettelbréck genannt ginn, eng Funktioun, déi hie bis 1794 erfëllt huet. De J.H. Dondelinger huet am schéinen neien Haus, dat säi Schwéierpapp, de Laurent Joseph Havelange (*1726), dee virun him, vu 1764 bis 1778, Schäffe vun der Abtei Iechternach zu Ettelbréck war, 1783 gebaut hat, gewunnt, an hien huet doran eng Auberge bedriwwen.

An de Revolutiounsjoren ass de J.H. Dondelinger räich ginn, wat him erlaabt huet, ë. a. de gréissten Deel vun dem Iechternacher Abteigebai (mat der Abteikierch) ze kafen. Hien huet do eng Faiencerie installéiert, am Ufank an engem Niewegebai, duerno an der Kierch. Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faïencerie Dondelinger

An den éischte Jore war nach eng Pabeierfabréck mat der Faiencerie verbonnen.

Vum 23. November 1813 [1] bis de 14. August 1814 war de J.H. Dondelinger Buergermeeschter vun Iechternach.[2]

Säi Jong Jean-Henri Dondelinger jun. war och Buergermeeschter vun Iechternach.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Flies, J., 1970. ‘’Ettelbrück. Die Geschichte einer Landschaft. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 530ss., S. 1041.
  • Staud, R.M. & J. Reuter. 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg, S. 65ss.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.