Jean-Jacques Kasel
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Jean-Jacques Kasel. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Jacques Kasel (Homonymie). |
| Jean-Jacques Kasel | |
|---|---|
![]() | |
| Gebuer |
17. Januar 1946 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Riichter |
| Gielercher | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
De Jean-Jacques Kasel, gebuer de 17. Januar 1946 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jurist an Diplomat.
Zulescht war hien, vum 15. Januar 2008 un, wéi en de Romain Schintgen ofgeléist huet, bis uganks Oktober 2013[1] lëtzebuergesche Riichter um Europäesche Geriichtshaff.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]- Fonctionnaire an der Direktioun Relations économiques internationales am lëtzebuergeschen Ausseministère (1973-1976)[2]
- Legatiounssekretär bei der lëtzebuergescher Ambassade zu Paräis a bäigeuerdente Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der OECD (1976-1979)
- Cabinetschef vum Ausseminister Gaston Thorn (1979-1981)
- Stellvertriedende Cabinetschef vum President vun der Europäescher Kommissioun Gaston Thorn (1981)
- Direkter vum Budget am Generalsekretariat vum Europäesche Ministerrot (1981-1985)
- Direkter vun de politeschen a kulturellen Affären am lëtzebuergeschen Ausseministère (1986-1992)
- Ambassadeur fir Griicheland (mat Residenz zu Lëtzebuerg) (1989)
- Stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg beim Europäesche Ministerrot (1992-1993), an du vum Ministerrot vun der Europäescher Unioun (1993-1998)
- Ambassadeur an der Belsch a stännege Vertrieder vu Lëtzebuerg bei der NATO (1998-2002)
- Haffmarschall (2002-2007)
- Member vum Europäesche Geriichtshaff (2008-2013)
(Quell:Säit mat der Presentatioun vun de Membere vun der Cours de Justice vun der EU)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1998)[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Appel a candidature fir Successioun vum Jean-Jacques Kasel." RTL.lu - 22.03.2013, 17:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.03.2013, 17:25.
- ↑ European Navigator:https://web.archive.org/web/20171003103616/https://www.ena.lu/
- ↑ Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn

