Jean-Louis Debré

Vu Wikipedia
Jean-Louis Debré
Gebuer 30. September 1944
Toulouse
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale de la magistrature,
Cours Hattemer,
Institut d'études politiques de Paris,
Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Politolog, Riichter, Inneminister
Partei Union pour un mouvement populaire, Rassemblement pour la République
Famill
Papp Michel Debré
Mamm Anne-Marie Debré
Geschwëster François Debré, Bernard Debré

De Jean-Louis Debré, gebuer den 30. September 1944 zu Toulouse, ass e fréiere franséische Magistrat a Politiker.

De Jean-Louis Debré ass d'Enkelkand vum bekannte Pediatrie-Spezialist Robert Debré a Jong vum gaullistesche Politiker, Co-Auteur vun der Verfassung vun der V. franséischer Republik a Premierminister vum Charles de Gaulle, dem Michel Debré. Hie war ë. a. Deputéierte vun der Eure, Buergermeeschter vun Évreux, Inneminister (1995-1997), President vun der Assemblée nationale (2002-2007) a President vum Conseil constitutionnel (2007-2016). Zanter 2016 presidéiert hien de Conseil supérieur des archives.

Hien ass och, als Beobachter vum politesche Liewen, den Auteur vu politesche Wierker a vu Memoiren. Donieft schreift hien nach Krimien.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Le gaullisme (mam Michel Debré); Paräis (Plon), 1978.
  • Les idées constitutionnelles du général de Gaulle; Paräis (Librairie générale de droit et de jurisprudence), 1974.
  • La justice au XIXe siècle: Les magistrat; Paräis (Perrin), 1980.
  • La justice au XIXe siècle: Les Républiques des avocats; Paräis (Perrin), 1984.
  • Les dynasties républicaines; Paräis (Fayard), 2009.
  • Le monde selon Chirac; Paräis (Tallandier), 2015.
  • Ce que je ne pouvais pas dire; Paräis (Robert Laffont), 2016; 359 Säiten. ISBN 978-2-221-14634-7
  • Dictionnaire amoureux de la République; Paräis (Plon), 2017.
  • Tu le raconteras plus tard; Paräis (Robert Laffont), 2017; 318 Säiten. ISBN 978-2-221-19877-3
  • Nos illustres inconnus - Ces oubliés qui ont fait la France; Paräis (Albin Michel), 2018.
  • Une histoire de famille; Paräis (Robert Laffont), 2019.
  • Meurtre à l'Assemblée (Krimi); Paräis (Fayard), 2009.