Jean-Mathias Mayrisch

Vu Wikipedia
Jean-Mathias Mayrisch
Gebuer 20. Juli 1794
Gestuerwen 20. September 1868
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter
Famill
Bestuet mat Lucie Foehr
Kanner Édouard Mayrisch

De Jean-Mathias Mayrisch, gebuer den 20. Juli 1794 zu Igel (deemools nach Herzogtum Lëtzebuerg), gestuerwen den 20. September 1868 zu Iechternach, war e lëtzebuergeschen Dokter.

Nom Ofschloss vu sengem Studium am Gymnasium vun Tréier huet de Jean-Mathias Mayrisch am Hierscht 1814 e Medezinsstudium zu Göttingen ugefaangen, dat hien no nëmme fënnef Semestere mat enger Spezialdispens, well hien nach net de Mindestalter vu 25 Joer hat, ofschléisse konnt. De 15. Abrëll 1817 ass hien zum Dokter vun der Medezin, der Chirurgie an der Gebuertshëllef proklaméiert ginn. Am Summer 1817 ass hien nach zu Berlin an d'Virliesunge vum berüümte Professer C.W. Hufeland (1762-1836) gaangen, an am Mee 1819 krut hien d'Autorisatioun, fir sech zu Lëtzebuerg nidder ze loossen. Säi Choix ass op Iechternach gefall, wou hie Famill hat. Seng Mamm, d'Anna Maria Wag(e)ner (gebuer zirka 1773 Iechternach, gestuerwen 9. November 1810 Igel),[1] koum nämlech aus der Abteistad.

No engem klengen Ofstiecher op d'Universitéit vu Wien, wou hie sech nach perfektionéiere wollt, anscheinend mam Zil eng Professur an der Ophtalmologie unzestriewen,[2] ass hien awer aus familiäre Grënn 1822 nees op Iechternach zeréckkomm. De 24. November 1824 huet hie sech do am Alter vun drësseg Joer mat der siwwenzéng Joer aler Lucie Foehr (Föhr) (1807-1887)[1] bestuet, der Duechter vum Jean Foehr (Föhr), Hotelier a Metzler, deem den "Hôtel du Cerf" a "Beerkes" (rue de la Montagne) zu Iechternach gehéiert huet.

Am Joer 1829 ass de Mayrisch Hausdokter vum Iechternacher Biergerhospiz ginn, wou hie schonn zanter siwe Joer sengem verstuerwenen Amtsvirgänger, dem Dr. Maurice Detten (1767-1829), als Operateur gehollef huet. No der Demissioun vum Dr. Pierre Becker ass de Mayrisch de 27. Juni 1843 Kantonaldokter ginn. Wéi d'Cholera 1849 am Land geherrscht huet, war de Jean-Mathias Mayrisch eng Zäitchen zu Gréiwemaacher am Asaz, fir cholerakrank Leit zu behandelen.

De Jean-Mathias Mayrisch war Grënnungsmember vun der Sociéte des sciences médicales (1861).

De Jean-Mathias Mayrisch war de Papp vum Dr. Édouard Mayrisch (1826-1873) an de Grousspapp vum Émile Mayrisch (1862-1928).[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus (1869): Biographien. Johannes Mathias Mayrisch, Johann Mathias Mayrisch (Igel), Johann Mathias Mayrisch (Echternach), Johann Michel Mayrisch (Grevenmacher), Guillaume Velter (Remich). Bulletin de la Société des Sciences Médicales du G.-D. de Luxembourg, 1869, S. 179-185.
  • Anonymus (2003): Personnagen: Jean Mathias Mayrisch. In: Lëtzebuerger Journal 2003, Nr. 181 (20./21. Sept.): 23.
  • Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342 (J.M. Mayrisch, S. 1030-1032).
  • Massard, J.A. (1988): Echternach und die Cholera. Publications du Centre universitaire de Luxembourg, Département des sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S. (Kantonalarzt Dr. Jean-Mathias Mayrisch, S. 156-159. Die Cholerepidemie von 1849, S. 193-195).
  • Mersch, J. (1963): Les Metz, la dynastie du fer. Biogr. natn. Luxemb., fasc. 12: 311-605 (Jean-Mathias Mayrisch, S. 450-451). BNL
  • Neyen, A. (1876): Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490, XXXI, XII S. + table gén. alphabét. (J.-M. Mayrisch, S. 292-294).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 J.C. Muller: Familiengeschichtliche Untersuchung über das Paar Emile Mayrisch - Aline de Saint Hubert. In: Galerie 7(1989) N° 1, S. 14, 23 a 26.
  2. Den A. Neyen 1876, S. 293 schreift: "dans le désir, dit-on, de postuler une chaire dans la spécialité des maladies des yeux"; beim J. Mersch 1963, S. 450, heescht et: "pour se perfectionner en obstétrique".