Op den Inhalt sprangen

Jean-Michel Kleyr

Vu Wikipedia
Jean-Michel Kleyr
Gebuertsnumm Jean-Michel Kleÿer
Pseudonym Der Einsiedler aus dem Grünewald
Gebuer 16. Dezember 1803
Jonglënster
Gestuerwen 16. Dezember 1866
Jonglënster
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Paschtouer, Schrëftsteller

De Jean-Michel Kleyr, gebuer als Jean Michel Kleÿer de 16. Dezember 1803[1] op der Neimillen an der Gemeng Jonglënster, an och do gestuerwen de 16. Dezember 1866[2], war e lëtzebuergesche Paschtouer, Auteur an Dokter vun der Philosophie.

De Jean-Michel Kleyr gouf als Bouf vum Mëller George Kleÿer an der Catherine Hoffman op der Neimillen zu Amber gebuer[1].

Fir d'éischt gouf hie Paschtouer[Wéini?] an duerno, am Joer 1825, Schoulmeeschter am Iechternacher Kolléisch. Méi spéit war hie Professer fir Philosophie an der Belsch. No Statiounen zu Grammont, Ath a Soignies, gouf en Direkter um Athénée vun Tournai. Aus onbekannte Grënn zitt e sech 1845 a säin Heemechtsduerf zeréck.

Vum 24. November 1848 un huet de Jean-Michel Kleyr ënnert dem Pseudonym Der Einsiedler aus dem Grünewald[3] fir déi nei gegrënnt Zeitung Der Volksfreund geschriwwen. Vun 1852 bis zu sengem Doud huet hien den Neuer Luxemburger Taschenkalender ënner dem selwechte Pseudonym erausginn. E war och Mataarbechter beim Luxemburger Wort.

De Jean-Michel Kleyr ass am Alter vun 63 Joer gestuerwen an e gouf an der Buerg begruewen.

Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Kleyr, Jean-Michel. Josepho ab Hommer, neoconsecrato episcopo treverensi, Belgae vicini, Religionis vaticinium. Tournay: [s.n.], 1825. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Près de la tombe de l’élève Jean-Nicolas Moriamé, d’Arlon  : décédé à l’Athénée de Tournai, le 26 mai 1841, à l’âge de 17 ans. Tournai: Massart et Janssens, 1841. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Près de la tombe de l’élève Édouard Ollevier, de Furnes  : décédé à l’Athénée de Tournai, le 18 mai 1842, à l’âge de 19 ans. Tournai: Massart et Janssens, 1842. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel, et Martin Blum. Le socialisme au parlement luxembourgeois. Luxembourg: [M. Behrens], 1849. Print.
  • (Kleyr, Jean-Michel. De Prenz Carnaval an de Prenz Faaschtdaag  : e Bild no der Natur, a 4 Akten. Letzeburg: J. Lamort, 1852. Print.)[4]
  • Kleyr, Jean-Michel. Mnémotechnie. Luxembourg: M. Behrens, 1854. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel, et Johann Engling. Lettre sur le rapport du prêtre avec sa famille. Luxembourg: M. Behrens, 1855. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Notice sur M. Émile Tandel, professeur de philosophie à l’Université de Liège. Luxembourg: V. Bück, 1857. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Hygiène morale  : Impressions de pensionnat. Bruxelles: [s. n. ?], 1857. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Hygiène et philosophie. Bruxelles: [s.n.], 1859. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel, et Johann Engling. La vérité sur les pensionnats communaux. Luxembourg: V. Bück, 1862. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel, et Johann Engling. A propos des fièvres intermittentes à Eisborn et à Imbringen. Luxembourg: V. Buck, 1862. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Notice sur M. Kerzmann, directeur de l’Athénée de Maestricht. Luxembourg: [s.n.]. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. Neoconsecrato praesuli felicem aditum praecamur. Luxembourg: Impr. V. Buck, 1863. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel, und Johann Engling. Dies irae und  . Miserere mei deus  : neue metrische Uebersetzung. Luxembourg: V. Bück, 1864. Print.
  • Kleyr, Jean-Michel. La philosophie et les sciences naturelles. Luxembourg: V. Bück, 1865. Print.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (fr) Acte de naissance. CT-03-02-0613 Naissances, 1797-1819 (Registre) S. 59. Archives nationales, Commune de Junglinster (17.12.1803 (25 frimaire de l'an XII)). Gekuckt den 23.09.2025.
  2. (de) Stierfakt 71. CT-03-02-0630 Décès, 1858-1881 (Registre) S. 140. Archives nationales, Commune de Junglinster (17.02.1866). Gekuckt den 23.09.2025.
  3. (de) Variétés. L'UNION, 7. Jg., nº 296, p. 3. (21.12.1866). Gekuckt den 23.09.2025.
  4. Martin Blum hat die Autorschaft von De prenz Carnaval a de Prenz Faaschtdaag fälschlicherweise Jean-Michel Kleyr zugeschrieben.