Jean-Paul Rippinger

Vu Wikipedia
Jean-Paul Rippinger
Gebuer 8. Juni 1941
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Demokratesch Partei

De Jean-Paul Rippinger, gebuer den 8. Juni 1941 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergeschen Affekot a fréiere Politiker (DP).

Hie war vun Abrëll bis Juni 1979 eng éischt Kéier an der Chamber[2], duerno vun Ufank 1981 bis Juni 1984 nees eng Kéier[2] a schliisslech koum hien de Januar 1988 als Deputéierten an d'Chamber[2] an ass do bliwwe bis hie bei de Walen 2004 net erëmgewielt gouf[3]. Hie war do 5 Joer laang Fraktiounspresident vun der DP.

Bis 2008 war hie laang Jore Schäffen am Stater Gemengerot.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Paul Rippinger op der Websäit vum Europarot
  2. 2,0 2,1 2,2 Compte Rendu des travaux de la chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg Session ordinaire 2003-2004 Säiten 62 bis 63
  3. D'Resultater vun der DP bei de Walen 2004 Archivéiert op 2007-07-04. Gekuckt de(n) 2013-01-02.
  4. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  5. Compte rendu des séances publiques N° 13 – Session ordinaire 2004-2005 op der Websäit vun der Chamber