Jean-Pierre-Büchler-Bréck

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Pont Jean-Pierre-Buchler
Jean-Pierre-Büchler-Bréck
Luxembourg, Pont Jean-Pierre-Buchler (102).jpg
Luxembourg, Pont Jean-Pierre-Buchler (100).jpg
Geographie
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Plaz Bouneweg
Koordinaten 49° 35’ 44.64’’ N
      06° 07’ 56.09’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck / N3
Féiert iwwer CFL-Linn 6
CFL-Linn 5
CFL-Linn 4
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt 98 m
Felder/Béi 3 + 1 an der Opfaart
Breet 24 m
Material arméierte Bëtong / Stol
Bemierkungen
Opgaangen 1994


D'Jean-Pierre-Büchler-Bréck ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi iwwer d'Eisebunnslinnen ewech vun der Garer Plaz bis op Bouneweg, an d'Diddenuewener Strooss, féiert. Se mécht d'Grenz tëscht de Quartieren Gare, Bouneweg-Süd a Gaasperech.

D'Bréck ass nom CSV-Politiker Jean-Pierre Büchler genannt ginn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck war wéi se 1994 a Betrib geholl gouf, 98 Meter laang a 24 Meter breet. Si huet eng al Bréck vun 1927 ersat.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

2019 hunn d'Aarbechten ugefaangen, fir d'Bréck bal duebel sou breet ze maachen: se soll sechsspuereg ginn, et komme Vëlosweeër op den zwou Säite bäi, an d'Linn 1 vum Stater Tram soll bis September 2021 driwwer fuere kënnen[1]. Fir d'éischt gouf op der Südsäit den Tablier ewechgemaach an duerch en neien Cortenstol ersat.[2]

Wéi déi bis fäerdeg war, hunn am Summer 2020 d'Aarbechten op der Nordsäit ugefaangen. Am Mäerz-Abrëll 2021 goufen op dräi Weekender dräi Träger-Elementer fir den neien nërdlech Tablier, déi 70 Tonne schwéier sinn, op hire Sockel gesat a mam Rescht vun der Bréck verbonnen.[3]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck vun 1927[änneren | Quelltext änneren]

Bréck vun 1927
Luxembourg, pont Dernier Sol (102).jpg
D'Bréck ëm 1935
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck / N3
Eisebunnsbréck / Jangli Lëtzebuerg-Réimech
Fuerspueren 2
Gleiser 1
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 120
Felder/Béi 3 + 1 an der Opfaart
Breet ± 15 m
Material arméierte Bëtong
Bemierkungen
Opgaangen 1927
Ofgerappt 1993

No villen Diskussiounen a verworfene Pläng fir d'Vergréisserung an den Ëmbau vun der Gare koum 1910 e Projet op den Dësch dee sollt 25 Joer méi spéit ëmgesat ginn. Eng vun den Ursaache war den Éischte Weltkrich bei deem franséisch Fligerugrëff vill Schued an der Gare an an de Quartiere rondrëm gemaach haten. Wéi am Dezember 1918 d'Elsass-Loutrengesch Eisebunnsgesellschaft de Betribsdéngscht vun de Wëllemsstrécken iwwerholl huet, ass well bis 1925 nach ëmmer no engem neie Concessionaire fir d'Strecke gesicht gouf, net vill geschitt. Eréischt wéi e Kontrakt Enn 1925 mat de Fransousen opgestallt gi war gouf mat den Aarbechten ugefaangen. Du konnt d'Bréck op der Diddenuewener Strooss déi an d'Plaz vun der zerstéierter Ënnerféierung koum, gebaut ginn. Déi ronn 120 m laang Bréck gouf am Eisebëtong gebaut. Et war eng Bréck mat dräi Felder an all Feld gouf vun dräi Béi gedroen déi ënnerenee vestrieft waren. D'Strooss fir d'Autoe war 7,50 m breet, op der Südsäit huet en 3 m breeden Trottoir ugeschloss, an op der Nordsäit louche getrennt vun der Strooss d'Gleiser vum Jangli.

Bei de Bombardementer am Mee an am September 1944 gouf d'Bréck op der Nordsäit beschiedegt, sou datt de Jangli net méi konnt fueren. Dofir huet d'CFL fir d'Zäit vun der Reparatur d'Gleiser op d'Stroossesäit verluecht, fir datt d'Stréck op Réimech konnt weiderfunktionéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Pierre-Büchler-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Tramreseau: Ausbau vu Buchler Bréck." op 100komma7.lu, 16. Jan 2019 - 12:00.
  2. Nadine Schartz: "Brückenschlag in der Hauptstadt." wort.lu, 11.06.2019.
  3. "Wenn 70 Tonnen Stahl fliegen lernen." wort.lu, 22-03-2021.