Jean-Pierre-Nuel-Schoul
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Keel |
| Plaz | Téiteng |
| Donnéeë vum Gebai | |
|
| |
Jean-Pierre-Nuel-Schoul ass den Numm vun der Téitenger Grondschoul. Si gouf no der Restauratioun 2011 nom Jean-Pierre Nuel (1847-1920) genannt.
D'Gebai, deem säi Bau 1900 vum Gemengerot decidéiert gouf, gouf 1904 a Betrib geholl. Et bestoung aus 4 Klassesäll fir bis zu jee 72 Schüler. 1935 koum en neien Ubau bäi, an deem nieft weider Klassesäll och eng Badanstalt an eng Kichen ënnerbruecht waren. Am Schoulhaff gouf et 2 tuermfërmeg Buere mat Drénkwaasser, Lannebeem a Rousebeeter.[1]
Den alen Deel vum Gebai gouf de 6. September 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[2]
Un der Säitemauer vum Gebai ass e Monument fir d'Téitenger Affer vum Zweete Weltkrich a Form vun engem Lëtzebuerger Wopen am Hallefrelief. Och eng Plack, déi un de Fuerscher Jean-Pierre Nuel erënnert, gouf un d'Gebai opgehaangen.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]- Neie Fligel vun 1935
- Monument aux morts
- Erënnerungsplack J.-P. Nuel
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Die Schulgebäude in Tetingen. Les bâtiments d'école à Tétange." Informatiounspanneau virum Gebai.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Abrëll 2026).
