Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Braun

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Braun
Gebuer 13. Februar 1882
Réimech
Gestuerwen 21. Januar 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller
Titelsäit vun Heeméchtsstêren, Ill.: Illustratioun vum Jemp Ker.

De Jean-Pierre ("Jempi") Braun, gebuer den 13. Februar 1882 zu Réimech, a gestuerwen den 21. Januar 1966 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Braun huet vun 1900 bis 1903 d'Normalschoul gemaach a gouf doropshi Schoulmeeschter zu Waasserbëlleg. Nom Enn vum Éischte Weltkrich huet hien, op Ufro vun der Regierung, zu Geisenheim an zu Montpellier Wäibau a Kellerwirtschaft studéiert.

Hie war ausserdeem 30 Joer laang Organist zu Waasserbëlleg. An den 1940er Joren ass hien an d'Stad geplënnert. Hien huet sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch an hire Stellewäert am kulturellen, politeschen a gesellschaftleche Liewen agesat. 1936 war hie Matgrënner vum Veräin Hémechtssprôch. Vun 1955 bis 1961 war de Braun Redakter, Editeur, Drécker a Besëtzer vun der Zäitschrëft Lëtzi, déi all Mount erauskoum.

Zanter den 1930er Joren huet de Jean-Pierre Braun Theaterstécker op Lëtzebuergesch geschriwwen, wéi z. B. dat patriotescht Stéck D'Fiéschterle'ni, dat 1939 am Kader vun de Centenairesfeiere vu Lëtzebuerg erauskoum, oder d'Kannerstéck De' lescht Wichtelcher. U Kanner riicht sech och seng Soen- a Märercherssammlung Heeméchtsstêren. Ausserdeem huet hie reliéis Lidder a Gebieder aus dem Laténgeschen op Lëtzebuergesch iwwersat an déi an zwéi Bänn (Weiraach a Weiraach a Muttergottesrousen) erausbruecht.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Sandra Schmit: Jean-Pierre Braun am Luxemburger Autorenlexikon (autorenlexikon.lu).