Jean-Pierre Erpelding

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Erpelding
Gebuer 8. Juli 1884
Gestuerwen 13. November 1977
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Pierre Erpelding, och: Johann Peter Erpelding oder J.P. Erpelding, gebuer den 8. Juli 1884 zu Bierg, a gestuerwen den 13. November 1977 an der Stad, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Ofschloss am Stater Kolléisch huet de Jean-Pierre Erpelding an der Stad Lëtzebuerg op de Cours supérieurs an op den Universitéiten zu Lille, Paräis, Berlin a München Altphilologie Germanistik a Geschicht studéiert.

Hie war vun 1907 un Enseignant fir Däitsch am Dikrecher Kolléisch an duerno, vun 1921 u bis en an d'Pensioun gaangen ass, am Stater Kolléisch. An de Krichsjoren 1943-1944 gouf hien als Studienrat op Düren, Düsseldorf a Wittlich versat. Vun 1944 bis 1949 huet hien op de Cours supérieurs enseignéiert.

Dem Erpelding seng Romaner spille gemenkerhand um Duerf, an der Welt vun de Baueren. Aner Wierker hunn als Hannergrond den Éischte Weltkrich oder beschäftege sech mat der Fro vun der Identitéit vum Lëtzebuerger tëschent der däitscher a franséischer Kultur.

Bei Geleeënheet vum Millénaire vun der Stad Lëtzebuerg (1963) huet de Jean-Pierre Erpelding ënner dem Titel „Historische Miniaturen“ historesch Artikelen eraus ginn.[1]

Fir un de Jean-Pierre Erpelding z'erënneren ass um Kierchbierg (Stad Lëtzebuerg) an zu Bierg bei Betzder eng Strooss no him benannt.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • Bärnd Bichel, Roman (1917)
  • Anna, (1918)
  • Heisse Sommertage, Roman (1921)
  • Adelheid François: Der Abendstern, (1936)
  • Adelheid François: Lichter in der Tiefe. (1937)
  • Adelheid François: Das heilige Feuer, (1938)
  • Peter Brendel, (1959)
  • Die Glaubenden

Stécker[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Madam Blimchen. Kame'disteck an dréi Akten. Zur 10-jährigen Erennerong un d'Amerikanerzéit, 1930, Lëtzebuerg, Bourg-Bourger, 58 Säiten.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Roger Muller am Luxemburger Autorenlexikon
  2. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1956 Memorial A N° 10 vun 1956