Jean-Pierre Hoffmann (Lokalpolitiker Réiser)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lokalpolitiker Jean-Pierre Hoffmann. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Pierre Hoffmann. |
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jean-Pierre Hoffmann | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Juli 1878 Kanech |
| Gestuerwen |
1. Mee 1956 Bierchem |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Lokalpolitiker, Mëller |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
De Jean-Pierre Hoffmann, gebuer den 29. Juli 1878 zu Kanech[1], a gestuerwen den 1. Mee 1956 zu Bierchem[2], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
De Jean-Pierre Hoffmann koum aus enger Mëlleschfamill an hat sech de 14. Mee 1902 zu Réiser[3] mat der Maria Kayl bestuet, déi den 20. Dezember 1876 zu Gondel[4] gebuer war, a mat där hie véier Kanner hat: d'Marie-Suzanne, de Joseph, de Joseph-Auguste an de Victor. D'Koppel Hoffmann-Kayl huet 1901 d'Bierchemer Mille kaaft an hiert Liewe laang als Mëller geschafft, ier se de Betrieb un hire Jong Joseph-Auguste [5] an deem seng Fra Maria Weistroffer weiderginn hunn.
De Jean-Pierre Hoffmann war vun 1929 bis 1932 Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.[6]
Seng Enkelin, d'Milla Hoffmann, war och Buergermeeschtesch vun der Réiser Gemeng vun 1976 bis 1981.
Fir un hien z'erënneren, huet de Gemengerot vu Réiser decidéiert, zu Krautem eng Strooss no him ze nennen.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ ANLux-CT-03-02-0740, Naissances Commune de Lenningen 1858-1881, N° 37/1878
- ↑ Luxemburger Wort (109. Joergang), N° 125 vum 4. Mee 1956, Doudesannoncen S. 6.
- ↑ ANLux-CT-03-07-1217, Mariages Commune de Roeser, 1894-1903, N° 6/1902
- ↑ ANLux-CT-03-02-1425, Naissances Commune de Waldbredimus 1858-1881, N° 18/1876
- ↑ De Buet, Informatiounsblat vun der Réiser Gemeng, N° 3/2007 (Mee-Juni), S. 4
- ↑ Quell: Stroosseschëld zu Krautem.
