Jean-Pierre Kemmer

Vu Wikipedia
Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Kemmer
Jean-Pierre Kemmer.png
Gebuer 8. Dezember 1923
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Dezember 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Pianist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Pierre (Jempi) Kemmer, gebuer den 8. Dezember 1923 an der Stad, a gestuerwen den 21. Dezember 1991 an der Zithaklinick[1], war e lëtzebuergesche Museker a Komponist.

Schonn a jonke Joren huet de Jempi Kemmer Piano geléiert. Jorelaang war hien am RTL-Orchester Perkussiounist a gouf no der Pensionéierung vum René Mertzig Orchesterpianist.

De Kemmer huet vill Kompositioune geschriwwen, dorënner Orchesterwierker wéi Dimanche matin à Luxembourg, Symphonie des morts, Le chant des saisons an eng Onmass populär Melodien, zéng Operetten, An enger Summernuecht, D'Vakanz am Mëllerdall an Ënner bloem Himmel[2]. Dozou kommen nach d'Arrangementer fir 15 Revueë vum Lëtzebuerger Theater ënner dem Eugène Heinen.

1969 huet de Kemmer d'Choeurs Jempi Kemmer gegrënnt.

Fir un de Jean-Pierre Kemmer z'erënneren, gouf jee eng Strooss zu Fenteng an an der Stad (Gaasperech) no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kemna, Sabine. Jean-Pierre Kemmer : 25. Todestag 2016. Tableau Musical (2016): Tableau Musical 2016, Nr. 21 (2016), P. 3, Ill. Print.
  • Kremer, Pir. Dossier sur Jean-Pierre Kemmer. Print., Centre national de littérature / Fonds Pir Kremer

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.gfhesper.lu/index.php/en/?start=10
  2. Önner bloem Himmel. Revue N°50 vum 11. Dezember 1954. Säite 20-21 mat 12 Fotoen;