Jean-Pierre Knaff
| Jean-Pierre Knaff | |
|---|---|
| Gebuer |
4. Februar 1897 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
26. Abrëll 1994 Esch-Uelzecht |
| Alter | 97 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Dokter |
|
| |
De Jean-Pierre Knaff, gebuer de 4. Februar 1897 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 26. Abrëll 1994 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergeschen Dokter.[1]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Jean-Pierre Knaff huet no senger Première am Stater Kolléisch zu Leipzig, Heidelberg a Bonn Medezin studéiert, a sech als Chirurg spezialiséiert. 50 Joer laang, vun 1925 bis 1975, huet hien an deem Beruff geschafft: fir d'éischt am Bridderhaus, dono an der Clinique Sainte-Marie an an de Spideeler an der Noperschaft, wéi de Klinicke vun Nidderkuer a vun Diddeleng.
1953, nom Doud vum Dr. Emile Schwall, gouf hien zum Direkter vum Escher Spidol ernannt. Ënnert senger Leedung gouf eng nei Maternité an e Schwësterenheem gebaut.
Hie war och 1960 Grënner vum Escher Rotary Club.
Den Dr. Knaff war mat der Lony D'Huart bestuert a Papp vun dräi Jongen.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 5. Mee 2006 decidéiert, eng Strooss am Quartier Wobrécken no him ze nennen.[2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.126-127.
- ↑ Rue Dr Jean-Pierre Knaff, L-4180.
