Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Koppes

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Koppes
Gebuer 25. Mäerz 1866
Altwis
Gestuerwen 2. Mäerz 1944
Clairefontaine-Plaz
Alter 77 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Glasmoler, Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Stroosseschëld zu Altwis

De Jean-Pierre Koppes, gebuer de 25. Mäerz 1866 zu Altwis, a gestuerwen den 20. Mäerz 1941 zu Clairefontaine[1], war e lëtzebuergesche Glasmoler.

Hien huet zu Nanzeg op der Ecole des Beaux-Arts studéiert a geschafft, an dono eng Ausbildung zu Paräis gemaach, fir dann do, gradewéi och méi spéit zu London an zu Bréissel ze schaffen.[1]

1905 goung hien op Altwis, wou e sech eng Villa baue gelooss an en Atelier fir Glasmolerei opgemaach huet. Och als Zeechner an als Museker huet hie sech en Numm gemaach.[1]

Seng faarweg Fënstere sinn ë.a. am ale Stater Postgebai an am Spuerkeessgebai ze gesinn.

Zu Altwis gouf eng Strooss Um Dierbelt no him genannt.[2]

  1. 1 2 3 Administration Communale de Mondorf-les-Bains et sa commission de la culture et du patrimoine: Wer waren diese Persönlichkeiten? Fiche Jean-Pierre Koppes. Mondorf 2023, op mondorf.lu (nogekuckt: 04.12.2025).
  2. Altwies : Rue Jean-Pierre Koppes. map.geoportail.lu. Gekuckt de 07.12.2025.