Jean-Pierre Manternach

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Manternach
Gebuer 28. Dezember 1874
Gestuerwen 13. Oktober 1952

De Jean-Pierre Manternach, den 28. Dezember 1874[1] an der Fiels gebuer, den 13. Oktober 1952 zu Esch-Uelzecht gestuerwen, war e lëtzebuergesche Professer a Schouldirekter.

De J.P. Manternach huet am Oktober 1899 säin Doktorat an der Physik gemaach. No sengem Stage ass hien 1901 als Repetent an d'Escher Industrieschoul komm, wou hien am Januar 1904 seng Nominatioun als Professer krut.

Den 30. Mee 1925 ass hien Direkter vun der Industrieschoul zu Esch ginn[2]; den 22. Dezember 1939 goung hien an d'Pensioun.

De J.P. Manternach war vun 1910 bis 1919 Gerant vum Escher Elektrizitéitswierk.

Hien ass 1926 "membre correspondant" an 1945 "membre effectif" vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.

Hien huet eng Rei vun Artikelen iwwer physikalesch[3] a pedagogesch Sujete publizéiert.

Hie war President vum Verwaltungsrot vun der Ausstellung 'Le Luxembourg au Travail', déi vun der Escher Sektioun vun der 'Fédération Luxembourgeoise des Commerçants' vum 13. bis de 27. August 1950 zu Esch-Uelzecht organiséiert gouf.[4]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922: I-VIII, 1-79 S.,
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, 125 S. (Manternach Jean-Pierre, S. 61-62).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxroots, Gebuertsakt. cf. luxroots.com — Lang 1967 (S. 61): 22. Dezember 1875 ; Heuertz 1922 (S. 37): 25. Dezember 1875.
  2. Publikatioun vum Arrêté vun der Nominatioun am Memorial N°27 vun 1925 op der Säit 312
  3. J.A. Massard: La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg, Les Publications Mosellanes, S. 428f.
  4. https://www.gouvernement.lu/1823828/BID_1950_8.pdf
  5. Memorial A N°13 vun 1951 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre dela couronne de chêne dekoréiert goufen