Jean-Pierre Nau

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Nau
Gebuer 9. September 1853
Schëffleng
Gestuerwen 1. November 1912
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Industriellen
Famill
Bestuet mat Catherine Bestgen

De Jean Pierre Nau, gebuer den 9. September 1853 zu Schëffleng a gestuerwen den 1. November 1912 zu Rëmeleng, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Geschäftsmann, Gemengepolitiker an Deputéierten.[1]

Buergermeeschter vu Rëmeleng[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Pierre Nau war den éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Rëmeleng.[2] Hie krut seng Nominatioun de 24. Oktober 1891.[3] Am Laf vum Joer 1898 huet hie seng Demissioun eragereecht, déi him den 20. Juni 1898 accordéiert ginn ass.[4]

Deputéierten an der Chamber[änneren | Quelltext änneren]

Am Abrëll 1901 huet den Nau bei de Chamber-Ersatzwale fir de Kanton Esch kandidéiert. Bei der Wal vum 3. Abrëll gouf den Xavier Brasseur gewielt, den Nau gouf den Zweeten a koum an d'Stéchwal,[5] déi den 10. Abrëll stattfonnt huet a wou hie gewielt gouf[6]. An der Chamberssëtzung vum 23. Abrëll 1901 ass d'Walresultat validéiert ginn, an den Nau war vun elo un Deputéierten.[7] Bei de reguläre Wale vun 1902 ass den Nau net méi erëmgewielt ginn.[8] Bei de Wale vun 1906 an 1908 hat hie méi Chance a gouf all Kéier gewielt.[8] Bei der Ofstëmmung iwwer d'Schoulgesetz vun 1912 (loi Braun) huet den Nau, dee schonn doudkrank war, sech de 25. Juni 1912 an d'Chamber geschleeft, fir um Vott vun deem ëmstriddene Gesetz deelzehuelen a fir kënne fir den Text ze stëmmen.[8],[9] E puer Méint méi spéit ass hie gestuerwen.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre Nau, deen de Fils vum Jean (Johann) Nau, engem Schmadd vu Schëffleng, war, huet sech den 12. Januar 1878 zu Schëffleng mat der Catherine Bestgen bestuet. Hien huet deemools als Employé beim Héichuewen zu Hayange (Frankräich) geschafft. D'Koppel hat e Jong, de Leo Felix, deen de 7. Februar 1881 zu Knutange op d'Welt koum. Hien huet spéider als Geschäftsmann zu Rëmeleng gelieft. Do huet hie sech am September 1917 mat der Marguerite Jung vu Rëmeleng bestuet.[10]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. L'Indépendance luxembourgeoise 1912-11-02, S. 3 (Bassin minier. Jean-Pierre Nau).[1]
  2. Luxemburger Wort 1941-10-31, S. 4 (Rümelingen 50 Jahre selbständige Gemeinde).[2]
    Wolff, L. & R. Kirsch, 2008. Saviez-vous que … ? Le tout savoir sur Rumelange en plus de 500 faits marquants. In: R. Kirsch (réd.), 2008. Honnert Joer Stad Rëmeleng : 1907 – 2007. Rumelange : Collège échevinal de la ville, [2008], Leudelange, Qatena, S. 87-133.
  3. Avis. — Administrations communales. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1891, N° 57, S. 669.[3]
  4. Avis. — Administration communale. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1898, N° 32, S. 386.[4]
  5. Luxemburger Wort 1901-04-03, S. 3 (Esch a. d. Alz. Kammerersatz-Wahlen vum 3. April).[5]
  6. Luxemburger Wort 1901-04-10, S. 3 (Esch a. d. Alz., 10. April. Kammerersatzwahlen).[6]
  7. Luxemburger Wort 1901-04-24, S. 3 (Aus der Kammer. Sitzung vom 23. April).[7]
  8. 8,0 8,1 8,2 Luxemburger Wort 1912-11-02, S. 3 (Abgeordneter Nau †)
  9. Kirsch, E., 1987. La loi Braun. In : E., Kirsch, E., Maas, J. & J.C. Reding. La loi Braun de 1812: la libération de l'instituteur. Luxembourg, Editions FGIL, S. 110.
  10. Luxroots.com