Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Welter

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Welter
Pseudonym Thériente, Picothériente
Gebuer 2. Juni 1902
Iernster
Gestuerwen 14. Mäerz 1945
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist
Titelsäit vum Programm "'T ass eppes lass" vun 1938

De Jean-Pierre (Jempi) Welter (Pseud.: Thériente[1]), gebuer den 2. Juni 1902 zu Iernster[2], a gestuerwen de 14. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg[3], war Auteur vu Revue-Stécker, Dichter a Journalist.

De Papp Edouard Welter war Schoulmeeschter a Musekskenner. 1903 ass hie mat senger Fra Anne Schergen a sengen dräi Bouwe Jempy, Charel a Pol vun Iernster op Stengefort geplënnert, wou hien och Organist war an de Bouwechouer geleet huet.

De Jempi Welter war Korrespondent vu verschiddenen Zeitungen, dorënner Luxemburger Zeitung, Luxemburger Volksblatt an Escher Tageblatt. Zesumme mam Eugen "Pucki" Forman huet hien d'satiresch Wochenzäitschrëft De Gukuk (1922-1934) an d'Lëtzebuerger Illustréiert erausginn. Am Gukuk huet hie Gedichter ("Thérientes Gedichte") an déi legendär Pittis Aufsätze verëffentlecht.

Tëscht 1933 an 1940 goufe fënnef politesch Revuë vun him mat groussem Erfolleg an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch/Uelzecht an zu Ettelbréck opgefouert; verschiddener goufe bis zu 25-mol widderholl. Aus de Revuë goungen eng Abberzuel Lidder ervir. Seng Liddertexter huet hien haaptsächlech op d'Melodie vu bekannten internationale Schlager geschriwwen.

Seng Pseudonymme waren Anagramme vum Virnumm vu senger Frëndin Henriette, déi him de Kuerf ginn hat: Thériente a Picothériente.

Zu Réiden op der Atert huet hien iwwer seng Stéifschwëster Yvonne (säi Papp hat sech nom Doud vu senger Fra eng zweet Kéier bestuet) den amerikanesche Majouer Wally kennegeléiert, dee wéinst der Ardennenoffensiv beim Dr. Zoller, dem Yvonne sengem Mann, zu Réiden aquartéiert war. Vun him huet de Jempi Welter wuel och d'Weis Oh My Darling, Clementine kennegeléiert, eng amerikanesche Western-Ballad, op déi hie säi bekannten Text Un der Atert geschriwwen huet.

Bei enger Sprëtztour am amerikanesche Jeep mam Majouer Wally ass de Jean-Pierre Welter am Zentrum vu Réiden op der Atert verongléckt a gouf schro blesséiert. De 14. Mäerz 1945 ass hien an der Clinique Saint-François um Stater Fëschmaart un der Folleg vum Accident gestuerwen.

  • 1933: YoYo (Stater Theater)
  • 1936: 't ass net erlaabt (Hotel de la Poste, Al Avenue)
  • 1937: 't ass eppes dran
  • 1937: 't ass allerhand (Hotel Alfa)
  • 1938: 't ass eppes lass
  • 1940: Ass dat nach dran? (Hotel Alfa)

Bekannt Lidder

[änneren | Quelltext änneren]
  • Un der Atert
  • Den décken Heng
  • De Stoussnéckel
  • D'Kanéileliss vu Weier
  • Cojellico's Jang

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/435/4355/DEU/index.html
  2. (de) Gebuertsschäin 27 (PDF). Naissances 1894 - 1902 S. 133. Archives nationales (03.06.1902). Gekuckt den 20.06.2025.
  3. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 15. Mäerz 1945