Jean Castex

Vu Wikipedia
Jean Castex
Gebuer 25. Juni 1965
Vic-Fezensac
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
École nationale d'administration
Aktivitéit Staatsmann, Politiker
Partei Renaissance

De Jean Castex, gebuer de 25. Juni 1965 zu Vic-Fezensac, am Departement Gers, ass e franséischen Héije Beamten a Politiker. Hie war vum 3. Juli 2020[1] bis de 16. Mee 2022 Premiermininster vu Frankräich. Hie war bis just viru senger Ernennung Member vun der Partei Les Républicains[2] a war zanter 2008 Buergermeeschter vun der Gemeng Prades am Departement Pyrénées-Orientales.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium op der École nationale d'administration (ENA), gouf hien 1991 Beamten op der Cour des Comptes, an 1996 an der Administratioun vum Departement Var. Vun 1999 bis 2001 war e Generalsekretär vun der Prefektur vum Departement Vaucluse a vun du bis 2004 war de Castex President vun der Cour des Comptes vum Elsass. Parallel war hie vun 2002 bis 2005 Maître de conférences op der ENA a Professeur attaché op Université Robert Schuman (Strasbourg III). 2004 ass hien an de Gesondheetsministère gewiesselt, a war vun 2006 bis 2008 Chef de Cabinet vum Gesondheets- an duerno vum Aarbechtsminister Xavier Bertrand (UMP). Am November 2010 gouf hie Conseiller vum Nicolas Sarkozy[3] Vun 2011 bis 2012 war hien delegéierte Generalsekretär vum President vun der Republik[4]

Tëscht 2008 an 2020 war de Castex Buergermeeschter vu Prades. Vun 2009 u war hien an där Fonctioun zousätzlech President vum Gemengesyndikat Conflent-Canigó.[4] Vun 2010 bis 2015 war hie Member vum Conseil régional vum Languedoc-Roussillon, andono vum Conseil départemental vun de Pyrénées-Orientales.

2017 gouf hie Coordinateur fir d'Preparatioune fir d'Olympesch Summerspiller 2024 zu Paräis souwéi vum August 2019 un, President vun der nei gegrënnter Agence national du sport. Den 2. Abrëll 2020 gouf hie vum Premierminister Édouard Philippe zum Responsabele vun der Regierung fir den Deconfinement, am Kader vun der COVID-19-Pandemie a Frankräich, ernannt[5].

Den 3. Juli 2020 gouf hie vum Staatspresident Emmanuel Macron als Nofollger vum Édouard Philippe zum Premierminister ernannt. De 16. Mee 2022 huet de Macron seng Nofollgerin Elisabeth Borne vereedegt.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Castex ass mat der Sandra Ribelaygue bestuet a Papp vu véier Duechteren[4].

2017 huet hien e Buch iwwer d'Eisebunnsstreck Perpignan–Villefranche-de-Conflent publizéiert[6]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Castex – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Jean Castex neuer französischer Premierminister." spiegel.de, 2020-07-03
  2. '"Jean Castex a quitté LR juste avant d'être nommé Premier ministre." L'Obs. 3. Juli 2020.
  3. Pierre Sabathié, Jean-Charles Galiacy: "Jean Castex, du Gers à l'Élysée."  Sud Ouest, 24. November 2010.
  4. 4,0 4,1 4,2 Dem Jean Castex säin CV op der Websäit vun der Gemeng Prades, gekuckt den 3. Juli 2020.
  5. Romain Houeix: "Covid-19: qui est Jean Castex, le „Monsieur déconfinement“ du gouvernement français?" france24.com, 2020-04-24
  6. Elisa Braun: "5 things to know about France’s new PM Jean Castex." politico.com, 2020-07-03