Op den Inhalt sprangen

Jean Hansen (Deputéierten)

Vu Wikipedia
Jean Hansen
Gebuer 14. Februar 1882
Mamer
Gestuerwen 19. Januar 1964
Wolz
Alter 81 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Lokalpolitiker, Fonctionnaire
Partei SDP (1903)
Fonctioun Gemengeconseiller

De Jean Hansen, gebuer de 14. Februar 1882 zu Mamer[1], a gestuerwen den 19. Januar 1964 zu Wolz[2], war e lëtzebuergesche Fonctionnaire a Politiker.[3]

Hien ass den 1. Dezember 1909 an de Staatsdéngscht agetrueden an den deemolegen 'Ministère de l'instruction publique', am Joer 1939 gouf hie 'chef de bureau' am 'Ministère de l'agriculture'. Hien ass de 14. Februar 1947 als Fonctionnaire a Pensioun gaangen.[3]

De Jean Hansen gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925 als eenzege Vertrieder vun der Lëtzebuerger Aarbechterpartei aus dem Walbezierk Zentrum als Deputéierten an d'Chamber gewielt. Hien huet awer op d'Mandat vum Deputéierte verzicht, well et net kompatibel mat sengem Beruff als Fonctionnaire war. De François Neu ass du fir hien an d'Chamber nogeréckelt. [3]

Bei de Gemengewalen vum Oktober 1924 gouf de Jean Hansen, zesumme mat René Blum an der Louise Becker op der Lëscht vun der (deemools neier) Aarbechterpartei an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Hien huet säi Mandant als Gemengeconseiller bis 1929 behalen.[3]

1934 ass de Jean Hansen op Luerenzweiler geplënnert an huet sech aus der Politik zréckgezunn.[3]

Am Juni 1960 ass hien op Wolz geplënnert, wou hien 1964 am Altersheim gestuerwen ass.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Gebuertsakt Nr. 5 vum 14. Februar 1882 vun der Gemeng Mamer
  2. 1 2 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 23. Januar 1964 S.13
  3. 1 2 3 4 5 6 Alex Bodry, Ben Fayot, Éditions La Mémoire Socialiste (Ed.): 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber, S.234.. Dezember 2016, ISBN 978-2-919908-11-0, 330 Säiten (Franséisch).