Op den Inhalt sprangen

Jean Juttel

Vu Wikipedia
Jean Juttel
Gebuer 18. Juni 1800
Dikrech
Gestuerwen 16. Juni 1884
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Gemengeconseiller, Schäffen

De Jean Juttel (och: Jüttel), gebuer den 18. Juni 1800 zu Dikrech, an och do de 16. Juni 1884 gestuerwen, war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker.[1]

Vun 1848 bis 1857 war hien Deputéierte vum Kanton Dikrech an der Chamber.[2] Hie war och Member vum Gemengerot, Schäffen, an, vun 1873 bis 1884, Buergermeeschter an der Gemeng Dikrech. Ausserdeem war hien 1871 Matgrënner vun der Brasserie par actions de Diekirch. [1]

1835 huet hie sech zu Wolz mat der Joséphine Lambert bestuet.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 Juttel, Diekrich/Luxembourg. industrie.lu (nogekuckt: 12.11.2025).
  2. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.