Jean Ley
Ausgesinn
| Jean Ley | |
|---|---|
| Gebuer |
10. Februar 1903 Colmer-Bierg |
| Gestuerwen |
20. Februar 2013 Dikrech |
|
| |
De Jean Ley, gebuer den 10. Februar 1903 zu Colmer-Bierg[1], a gestuerwen den 20. Februar 2013 am Altersheem Sacré Coeur zu Dikrech, gëllt als dee Lëtzebuerger, dee bis elo am längste gelieft huet.
Hie war 69 Joer laang bestuet a war zanter 2000 Wittmann.
Hien huet zu Liefzäiten als den drëtteelste Mënsch an Europa gegollt, an als de siwenteelsten op der Welt[2].
Säi Jong Nicolas Ley[1] war vun 1984 bis 1988 Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2013)[3].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Artikel op wort.lu wéi de Jean Ley 109 Joer kritt hat
- ↑ Artikel am Wort
- ↑ Artikel op wort.lu wéi de Jean Ley 110 Joer kritt hat Archivéiert den 21.02.2013. Gekuckt den 12.10.2013.
