Jean Link

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Link
Gebuer 3. September 1938
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Juni 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fechter
Famill
Papp Prosper Link

De Jean ("Jang") Link, gebuer den 3. September 1938[1] an der Stad Lëtzebuerg[2], a gestuerwen de 4. Juni 2020[3],[4], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum am Fechte vertrueden[5].

Hie war och zweemol Juniorweltmeeschter am Florett.

De Jean Link huet en Ekonomiesstudium gemaach an duerno am Familljebetrib zu Lëtzebuerg geschafft (Cafés Link), deen e spéider iwwerholl huet an op Kielen verluecht huet.

Hie war de Fils vum Prosper Link.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • „Ich hätte mehr erreichen können“ am Wort vum 26. September 2018, S. 41

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Charly Gaul 1959 Josy Stoffel


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial 2005
  2. De Jean Link op der Websäit vu sports-reference.com op där Websäit steet e falsche Gebuertsdatum
  3. Kopf des Tages / Spitzensportler und Geschäftsmann: Jean Link im Alter von 81 Jahren gestorben. Tageblatt.lu (2020-06-04). Gekuckt de(n) 2020-06-05.
  4. "Jean Link am Alter vun 81 Joer gestuerwen." rtl.lu, 04.06.2020.
  5. De Jean Link op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'