Jean Monnet

Vu Wikipedia
Jean Monnet
Gebuertsnumm Omer Marie Gabriel Jean Monnet
Gebuer 9. November 1888
Cognac
Gestuerwen 16. Mäerz 1979
Bazoches-sur-Guyonne
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Collège d'Europe
Aktivitéit Diplomat, Ekonomist, Politiker, RIF- Resistenzler, Geschäftspersoun
Partei Onofhängeg
Member vun American Academy of Arts and Sciences
De Jean Monnet zu Lëtzebuerg
De Jean Monnet an de Robert Schuman zu Lëtzebuerg op der Neier Bréck

De Jean Omer Marie Gabriel Monnet, gebuer den 9. November 1888 zu Cognac, a gestuerwen de 16. Mäerz 1979 zu Bazoches-sur-Guyonne, war e franséische Politiker. Hien huet mam Robert Schuman d'CECA lancéiert a war den éischte President vun der Héijer Autoritéit.

Säi Liewen, säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Seng Famill war Produzent vu Cognac. Seng Carrière huet hien doheem an der Entreprise vu sengen Elteren ugefaangen. Am Éischte Weltkrich war hien en héije Fonctionnaire an huet fir ee koordinéieren Asaz vun de Ressourcë vun den Alliéierte gesuergt. 1919 war hien un der Schafung vum Vëlkerbond bedeelegt an ass mat Missiounen a Schlesien, Éisträich, Polen a Rumänien chargéiert ginn. Am Joer 1920 gouf hie stellvertriedende Generalsekretär vun dëser internationaler Organisatioun.

Nodeem hien 1922 erëm fir kuerz Zäit am Familljebetrib war, huet hie sech erëm mat internationalen Affäre befaasst, a Frankräich, an och an den USA, wou hien un der Spëtz vun enger Bank zu San Francisco war. Duerno war hie Beroder vum chineesesche Generol Tchang Kaï-chek.

1929 huet hie seng zukünfteg Fra, d'Silvia de Bondini kenne geléiert.

De Jean Monnet als President vun der Héijer Autoritéit[änneren | Quelltext änneren]

Datt de Jean Monnet President vun der Héijer Autoritéit ginn ass, war keen Zoufall. Hie war am Fong de Spiritus Rector vum Schumanplang. Hien huet den deemolege franséischen Ausseminister, de Robert Schuman, och liicht vun der Noutwendegkeet iwwerzeegt, fir eng Initiativ z'ergräifen, déi et méiglech sollt maachen, fir de Sträit tëscht Frankräich an Däitschland ze begruewen an duerch d'Zesummeleeë vun de Grondstoffindustrien ënner enger internationaler Tutelle d'Kricher tëscht hinnen onméiglech ze maachen. De Robert Schuman, de Mann tëscht de Grenzen, deen sou vill ënner dem Sträit gelidden hat, war liicht heivun z'iwwerzeegen, an huet acceptéiert, fir den 9. Mee 1950 eng Deklaratioun ze maachen, déi dem Jean Monnet seng Handschrëft dréit, an déi den europäesche Kontinent grondleeënd verännert huet.

Wärend senger Zäit als President vun der Héijer Autoritéit zu Lëtzebuerg huet hien um Bricherhaff am Neiduerf gewunnt.

Seng Perséinlechkeet[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Monnet hat eng aussergewéinlech Perséinlechkeet. Als Riedner ass en zwar ni besonnesch opgefall, awer wat hie gesot oder geschriwwen huet hat ëmmer en déiwe Sënn. De Jean Monnet huet et verstanen, sech mat gudde Mataarbechter z'ëmginn a si ze motivéieren an z'animéieren. Hie war e Champion vun der Team-Aarbecht. Seng Iddie koumen net aus Bicher, ma en huet dem Vollek op de Mond gekuckt an déi nei Gedanken, déi en hat oder opgeraf huet, vu senge Mataarbechter verschaffe gelooss, sou laang bis se ausgefeilt an zeideg waren. Keng Stonn war him dofir ze spéit. Fir jiddweree vun hinnen zu all Stonn z'erreechen hat hie souguer en Telefon a sengem Buedzëmmer. De Jean Monnet huet nämlech weeder sech nach seng Collaborateure geschount. Wiertes a sonndes hu si missen z'erreeche sinn. D'Geschicht vum Generalsekretär, dem Max Kohnstamm, seet alles. De Max Kohnstamm, fir sech vun de Strapaze vun der Woch z'erhuelen, war eng Kéier sonndes picknicke gaangen. Wéi de Jean Monnet du sonndes net un hie koum, war hie ganz ongehalen an huet gefrot, ob hien da keng Telefonsadress zeréckgelooss hätt. Déi Zäit si bekanntlech d'Luuchten am CECA-Gebai op der Metzer Plaz ni ausgaangen.

Seng frappant Formuléierungen[änneren | Quelltext änneren]

Vum Jean Monnet gëtt et eng Rei Zitater, op déi, wéinst hirer Aussokraaft, haut nach ëmmer gär higewise gëtt, wéi:

  • " Europa schafen heescht de Fridden erbäiféieren ("Faire l'Europe, c'est faire la paix")
  • « Mir maache keng Koalitioune vu Staaten, mä mir schafen eng Unioun vu Mënschen » (" Nous ne coalisons pas des Etats, nous unissons des hommes"),
  • « Europa kann net op ee Schlag geschaf ginn, ma et entsteet duerch konkreet Realisatiounen, déi fir d'éischt eng echt Solidaritéit erbäiféiere mussen » ("L'Europe ne se fera pas d'un coup, ni dans une construction d'ensemble, elle se fera par des réalisations concrètes créant d'abord une solidarité de fait.")
  • « Mënsche sinn noutwenneg fir d'Changementer, an d'Institutioune fir datt se daueren a lieweg bleiwen » (" Les hommes sont nécessaires au changement, les institutions pour faire vivre le changement. ")
  • « D'Mënschen acceptéieren d'Changementer nëmme wa se onbedéngt noutwenneg sinn an dat ass nëmmen an enger Kris de Fall » (" Les hommes n'acceptent le changement que dans la nécessité ; ils ne voient la nécessité que dans la crise.")
  • « Et gëtt keng Iddien déi ze fréi kommen, et gëtt opportun Geleeënheeten, déi ofgewaart an ausgenotzt musse ginn » (" Il n'y a pas d'idées prématurées, il y a des moments opportuns qu'il faut savoir attendre.")
  • "Et gëtt keng aner Reegel, wéi déi datt en iwwerzeegt muss sinn an och déi aner iwwerzeege muss (" Il n'y a pas d'autre règle que celle dêtre convaincu et de convaincre.")

De Jean Monnet an de Sëtz vun den europäeschen Institutiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Monnet huet ëmmer erëm gesot, dat hien näischt géint d'Lëtzebuerg hätt (Hie war souguer voll Luef iwwer d'Efforten, déi Lëtzebuerg fir d'Installatioun vun der Héijer Autoritéit gemaach huet, ma géint d'Aart a Weis wéi Lëtzebuerg no 18 Stonne Verhandlunge bezeechent gouf. Hie schreift a senge Memoire vun enger "histoire peu glorieuse. Am Zesummenhang mam Sëtz schreift hie weider:

  • "Je n'avais pas de préférence pour tel ou tel lieu en Europe, l'important était que ce lieu fût le siège unique de toutes les institutions à créer et qu'il fut érigé en territoire européen, préfiguration du district fédéral de l'avenir. Cette proposition n'avait rien d'utopique et la Communauté eût probablement grandi dans un autre climat si les gouvernements avaient eu la sagesse de lui édifier de toute pièce une capitale et de la soustraire aux rivalités et aux influences nationales".

De Jean Monnet huet ëmmer drop gedrängt, fir d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutioune sou séier wéi méiglech ze léisen an zwar duerch d'Bezeechnung vun engem Siège unique, dee sämtlech europäesch Institutiounen abezéien géif. Dat am Kader vun engem sougenannten District fédéral. Him huet virgeschwieft, datt dësen District fédéral zu Fontainebleau bei Paräis geschaf kéint ginn.

D'Europäesch Visioune vum Jean Monnet gounge méi wäit[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Jean Monnet war de Schumanplang net d'Enn vu senge Beméiungen, ma nëmmen e Mëttel zum Zweck am Hibléck op d'Europäesch Vereenegung, Eng éischt grouss Enttäuschung hat hien 1954, wéi den ausgehandelte Vertrag iwwer eng Europäesch Verdeedegungsgemeinschaft an d'Bréch gaangen ass an net ratifizéiert gouf. Mat senger ganzer Kraaft huet hie sech dunn agesat, fir op enger anerer Schinn weiderzefueren, an huet op d'Schafe vun enger ëmfaassender Europäescher Wirtschaftsunioun gedrängt. Déi zweet Enttäuschung hat hien, wéi e huet misse feststellen, datt net sämtlech politesch a wirtschaftspolitesch Kreesser definitiv fir d'europäesch Iddi gewonne waren. D'Sëtzfro war och opbliwwen a gouf net a sengem Sënn geléist. Dofir ass hien den 10. Februar 1955 als President vun der Héijer Autoritéit ofgedankt, fir bei sengen Aktiounen erëm fräi Hand ze kréien. Op seng Initiativ hin ass en Aktiounskommittee fir d'Vereenegt Staate vun Europa gegrënnt ginn, dee hien och presidéiert huet. Dat ass geschitt, fir op eng militant Aart a Weis och déi Kreesser z'erfaassen an z'associéieren, déi géigeniwwer der europäescher Iddi nach gezéckt a sech zeréckgehalen hunn. Säin Zil war et och, sech fir eng definitiv Léisung vun der Sëtzfro staark ze maachen. Sengem Aktiounskommittee hu Politiker a Gewerkschaftler vun allen europäesche Länner ugehéiert. Vu Lëtzebuerger Säit waren et:

De 25. November [Wéini ?] huet säin Aktiounskommittee eng Resolutioun abruecht, déi dem Jean Monnet sengem Wonsch fir d'onmëttelbar Bestëmmung vun engem Siège unique an engem District fédéral entsprach huet. Vum Nicolas Margue ass dës Resolutioun allerdéngs net matgedroe ginn.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Jean Monnet: « Mémoires », Éditions Fayard, 1976, 642 Säiten

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reuter, Paul: La Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier, Editeur R. Pichon an R. Durand-Auzias, Paräis, 1953, 320 Säiten, Préface vum Robert Schuman
  • Fontaine, Pascal: Jean Monnet, l'Inspirateur, Editeur Jacques Crancher, 1988, 178 Säiten
  • Pierre Gerbet: La construction de l'Europe - Imprimerie nationale - 498 Säiten

Unerkennungen[änneren | Quelltext änneren]

(Auswiel)

  • Éierendokter vun enger Rëtsch vun Universitéiten
  • Lycéeën an Universitéite sinn no him benannt
  • Fondatiounen droe säin Numm
  • Timberen aus alle Länner vun der Europäescher Unioun sinn erauskomm mat sengem Portrait
  • Den Europäesche Ministerrot huet hien 1976 zu engem Europäeschen Éierebierger gemaach
  • De franséische President, François Mitterrand, huet 1988 seng Äschen op Paräis an de Panthéon transferéiere gelooss
  • Um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg ass d'Gebai vun der europäescher Kommissioun nom Jean Monnet genannt (Bâtiment Jean-Monnet). D'Gebai gouf 1975 gebaut. 2009 huet d'Lëtzebuerger Regierung mat der Europäescher Kommissioun en Accord fir de Bau vun engem zweete Gebai (Jean-Monnet-II) ënnerschriwwen, dat 2021 soll fäerdeg sinn[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger a Persoune vu Lëtzebuerger Ofstamung, déi, ausser dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, och vill zum Erfolleg vum Schumanplang bäigedroen hun:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Monnet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bâtiments Jean-Monnet I an II op der Websäit Europaforum.lu Gearchiveerd op 2012-02-02. Gekuckt de(n) 2010-01-27.