Jean Paul Getty

Vu Wikipedia
Jean Paul Getty
Gebuer 15. Dezember 1892
Minneapolis
Gestuerwen 6. Juni 1976
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun Magdalen College,
University of California,
Universitéit vu Südkalifornien,
Harvard-Westlake School
Aktivitéit Konschtsammler, Autobiograph, Entreprener, Industriellen, Mäzen
Famill
Bestuet mat Ann Rork Light

De Jean Paul Getty, gebuer de 15. Dezember 1892 zu Minneapolis a gestuerwen de 6. Juni 1976 zu Sutton Place, bei Guildford, an der Grofschaft Surrey, war en US-amerikaneschen Industriellen a Konschtmäzen.

Nodeem hie säin Ekonomiesstudium an England ofgeschloss hat, huet de Jean Paul Getty sech ëm d'Ueleggeschäfter vu sengem Papp George Franklin Getty bekëmmert. Hien huet d'Getty Oil Company gegrënnt. De Jean Paul Getty gouf zu senger Zäit als ee vun de räichste Männer vun der Welt op e Verméige vun 20 Milliarden Dollar geschat.

Vun 1951 un huet de Jean-Paul Getty an England gelieft wou hien och Bicher geschriwwen huet, sou ënner anerem How to be Rich an As I See It: The Autobiography of J. Paul Getty.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Getty Center – Biller, Videoen oder Audiodateien